An hirem Virtrag huet d’Jeanne E. Glesener déi grouss Linne vun hirem Fuerschungsprojet Kleng Literaturen an Europa virgestallt. No enger Oplëschtung vun den Haaptfuerschungsfroen, Objektiver an Informatiounen zu der Ausféierung vum Projet, ass si op d‘Beräicher vun der Terminologie an Typologie agaangen. An engem drëtte Punkt huet si kuerz de Bäitrag vun de klenge Literature bei der Dekonstruktioun vun der Meeschtererzielung vun der Literaturtheorie skizzéiert.
Am éischten Deel vun der Presentatioun sinn déi Haaptfuerschungsfroe presentéiert ginn, déi et och erlaabt hunn d’Problematik vum Projet ze kontextualiséieren, wéi et dësen Auszuch aus dem Froekatalog weist: Wat ass eng kleng Literatur, resp. wat si kleng Literaturen? Wéi ënnerscheeden se sech vu grousse Literaturen a wéi si se an der Literaturfuerschung bis elo beschriwwe ginn? Wat sinn hir Problemer, hir Enjeuxen, hir Erausfuerderungen, hir Charakteristiken? Wat ass hire Bäitrag zu der Weltiteraturfuerschung an zu der Fuerschung iwwer allgemeng Literatur? Ass et méiglech kleng Literaturen ausserhalb vum Majeur-mineur Paradgima, resp. ausserhalb vun der Dialektik Zentrum-Peripherie ze denken an z’analyséieren?
An engem zweeten Deel ass eng virleefeg Typologie vun de klenge Literaturen an Europa opgestallt ginn. Doriwwer eraus sinn och éischt Critèren, déi bei der Definitioun vu klenge Literaturen eng Roll spillen, erkläert ginn. Hei sinn och Iwwerleeungen zur Terminologie gemaach ginn. Dëst gëtt als néideg empfonnt fir aus dem Negativdiskurs erauszekommen, dee bis elo an der Literaturwëssenschaft dominéiert huet. Dëst gesäit een zum Beispill wa kleng Literaturen als verspéit, defizitär oder als just reaktiv beschriwwen a verstane ginn.
Am leschten Deel ass dës Problematik méi genee gekuckt ginn. Hei ass och de wëssenschaftsgeschichtleche Kontext vun der Komparatistik an der Weltliteraturfuerschung zum droe komm. Et ass drop higewise ginn, wéi d’Analys vun de klenge Literaturen sech um Wäertekanon an un den als universalgültegen imposéierten Norme vun der Literaturentwécklung reift. Dëst ass doduerch bedéngt, datt dës Normen zum groussen Deel vun der Situatioun a Verfaasstheet vu grousse Literaturen ofgeleet sinn an deemno net op kleng Literaturen iwwerdrobar sinn. Mat dëser Tatsaach ass sech bis haut awer réischt wéineg befaasst ginn. Dës Norme funktionnéiere wéi eng Zort Meeschtererzielung, déi ëmmer nach wierkungsmächteg ass an déi réischt rezent, virun allem duerch déi postkolonial Literaturen an duerch net europäesch Literaturen a Fro gestallt gëtt. E wichtegen Deel vun dësem Projet wäert et sinn ze weisen, wéi kleng Literaturen un der Abrogatioun vun dësen Normen deelhuelen a wat fir alternativ literaturtheoretesch Orientéierungspunkter kënnen aus hinnen ofgeleet ginn.
Text vum Jeanne E. Glesener