An de leschten Deeg hunn zwee Doktorande mat groussem Succès hir Soutenance absolvéiert.
E Freideg, 20.2. huet den – mëttlerweil Dr. – Fränz Conrad seng Aarbecht iwwer ‚Sprachkontaktinduzierte Variation im luxemburgischen Konsonantismus‘ verteidegt, an där hie kompetent weist, wéi sech an Aussproochsdoublettë wéi Per[s]oun par rapport zu Per[z]oun iwwert d’Generatiounen ewech verännert.
E Méindeg, 23.2. huet dann den – och elo Dr. – Amaru Flores soutenéiert mat enger Dissertatioun iwwert ‚Die Familiennamen im historischen luxemburgischen Raum. Eine quantitative und qualitative Analyse der onymischen Grenzen und Raumstrukturen‘.
Béid Dissertatioune si vum Peter Gilles betreit ginn.
Felicitatiounen deenen zwee!!