‚zu Lëtzebuerg‘ oder ‚a Lëtzebuerg‘? – Iwwert de Präpositionalgebrauch

Heiansdo komme mer an Diskussiounen, sief et mat Kolleegen, sief et am Cours mat Studenten, op de System vun de Positiouns- a Richtungspräpositioune bei den Nimm fir Länner a Stied ze schwätzen. Am Allgemenge verlaangen d’Lännerbezeechnungen d’Positiounspräpositioun an (+Dativ): Ech wunnen an Australien. Si liewen an der Belsch. Als Richtungspräpositioun gëtt an (+Akkusativ) geholl: Ech…

Ganzen Artikel

‚Den/Das Genus‘: Genusënnerscheeder tëscht dem Lëtzebuergeschen an dem Däitschen

“*D’Béier sprengt d’Budget fir dëst Buffet”/“*Der Bier sprengt den Budget für diesen Buffet”.

Amaru Flores Flores, François Conrad – Universitéit Lëtzebuerg

 

Der Bier? D’Buffet?

Et géif ee wuel grouss Ouere maachen, wann een en Däitsche géing vun „der Bier“, „der System“ oder „der Highlight“ schwätzen héieren. Emgedréint dierft eng däitsch Persoun, déi Lëtzebuergesch léiert, net schlecht staunen, wann si bäibruecht kritt, et wier “de Pabeier”, “den Ticket”, “den Dossier” oder “de Parfum”. Strukturell sinn sech d‘Lëtzebuergescht an dat Däitscht – aus der laangjäreger gemeinsamer sproochlecher Vergaangenheet eraus – a viller Hinsicht och haut nach immens no (vgl. François Conrad: „Luxemburgisch: Eine strukturell-linguistische Annäherung“ am Forum 314, S. 49-51). Den Amaru Flores Flores an de François Conrad, Doktoranten an der lëtzebuergescher Linguistik un der Uni Lëtzebuerg, sinn an engem Virtrag am „Colloque vum Labo fir Lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“ den 18. Dezember 2012 allerdéngs den Ennerscheeder tëscht deenen zwou Sproochen, an zwar am Beräich vum Genus, nogaangen. De Genus oder d’Geschlecht vun de Substantiver (männlech, sächlech, weiblech) gehéiert fest zu den Déngwierder dozou a gëtt an der Mammesprooch automatesch matgeléiert.

Ganzen Artikel

Houfreg op ons Méisproochegkeet

Ënnert dem Titel ‚Multilingual Teens‘ organiséiert d‘Berlitz-Sproocheschoul eng Fotosausstellung um Knuedler. „The 15 young people, whose pictures are displayed, all speak five languages fluently and show visitors to the country how diverse, youthful and promising Luxembourg multilingualism looks today.“ Aus dëse Wieder vum Organisateur schwätzt d’Begeeschterung iwwer d’Méisproochgkeet vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Dir kënnt d’Biller…

Ganzen Artikel

Reklamm w.e.g.! (Juli 2013)

Zu Schreibweise und Auswahl der Belege siehe die allgemeine Anmerkung am Ende des Textes. Unsere moderne westliche Welt ist umgeben von Werbung, die uns so ziemlich alles aufnötigen will und die sich dazu der raffiniertesten Strategien bedient. Dabei sind die besten Werbeslogans oft diejenigen, die sich leicht einprägen lassen und schnell zu festen Wortverbindungen werden…

Ganzen Artikel