Heiansdo komme mer an Diskussiounen, sief et mat Kolleegen, sief et am Cours mat Studenten, op de System vun de Positiouns- a Richtungspräpositioune bei den Nimm fir Länner a Stied ze schwätzen. Am Allgemenge verlaangen d’Lännerbezeechnungen d’Positiounspräpositioun an (+Dativ):

  • Ech wunnen an Australien.
  • Si liewen an der Belsch.

Als Richtungspräpositioun gëtt an (+Akkusativ) geholl:

  • Ech fueren an Australien.
  • Si reesen an d’Belsch.

Bei de Stiednimm gëtt d’Positioun mat zu (+Dativ) ausgedréckt:

  • Ech liewen zu Bréissel, zu Heidelberg…

D’Richtung op eng Stad hi gëtt mat der Präpositioun op (+Dativ) forméiert:

  • Ech fueren op Stroossbuerg.
  • Mir plënneren op Oochen.

Op d’mannst an engem Fall schéngt de System allerdéngs net esou kloer ze sinn: Wann nämlech de Lännernumm Lëtzebuerg (also opgefaasst als Land, net als Stad!) gemengt ass, géife mer deem System no déi folgend Struktur erwaarden:

  • Positioun: ?Ech wunnen a Lëtzebuerg.
  • Richtung: *Ech fueren a Lëtzebuerg.

Während den éischte Saz mat an als Positiounspräpositioun nach méiglech ass, awer och iergendwéi schif, vläicht souguer ongrammatesch kléngt, ass den zweete Saz mat an als Richtungspräpositioun eendeiteg (?) falsch an net akzeptabel. An deem Fall ass natierlech just op erlaabt.

Wann een sech lo de Gebrauch vun de Präpositiounen a konkrete Sproochdonnéeë méi genee ukuckt, gëtt d’Bild relativ séier kloer: A mengem Korpus, deen zur Zäit ongeféier aus 40 Millioune Wuertformen aus den ënnerschiddlechsten Textzorte besteet, fënnt sech d’Phras a Lëtzebuerg 990 mol. A ville Fäll gëtt hei an als Konjunktioun (dt. und) agesat gëtt (an der Belsch), déi hei net interesséieren. Et kommen awer och Sätz vir wéi, déi weisen, dass d’Schreiwerten d’Land Lëtzebuerg wéi all aner Lännernimm traitéieren:

  • Wat do a Lëtzebuerg an am Ausland virun de Péagen vun CO2 fräigesaat gëtt, ... (ACL Guestbook)
  • A Lëtzebuerg bleiwe vun deene 49 Prozent nach just 33 Prozent beim Staat. (RTL-Noriichten)

Wéi gesot, ass déi Verwendung méi rar. Iwwerdeems ass nämlech d’Konstruktioun zu Lëtzebuerg ongläich méi heefeg: 20.000 Virkommen am Korpus.

  • Am Mäerz dëst Joer goufen et hei zu Lëtzebuerg 203 Demanden fir Asyl ze kréien.  (RTL-Noriichten)
  • …, an duerfir hunn se och haut nach iwwerall hir Fangeren zu Lëtzebuerg a bal all Kachdëppen. (RTL-Commentaire)

D’Zuele schwätzen domat eng däitlech Sprooch, andeems nämlech de Gebrauch mat zu kloer déi preferéiert Form ass an d’Präpositioun an vill méi seelen ass. Domat fokusséiert den haitege lëtzebuergesche Gebrauchsstandard – wann een deen Term an de Mond däerf huelen – kloer op d’Präpositioun zu. Vu dass d’Stad Lëtzebuerg natierlech och ëmmer mat der Richtungspräpositioun zu gebraucht gëtt, kann d’Sprooch net ënnerscheeden, ob d’Land oder d’Stad gemengt ass.

A genee do läit awer och d’Erklärung an si ass eigentlech och relativ einfach: Lëtzebuerg als Land gëtt sproochlech wéi eng Stad behandelt, dat kéint historesch gesi mat der Gréisst vum Land zesummenhänken, awer sécherlech och domat, dass d’LëtzebuergerInnen d’Haaptstad jo meeschtens just als Stad bezeechnen, ouni dass den eegentlechen Numm genannt gëtt. Dat selwecht Phänomen läit vir bei anere klenge Staaten, Stad-Staten oder Insel-Staten (zu Monaco, zu Singapore, zu Liechtenstein, zu Malta):

Resumé

Land
Stad
Stad-Staaten, kleng Länner
Positioun
an Italien
zu Roum
zu Lëtzebuerg, zu Monaco, zu Singapore
Richtung
an Éisterräich
op Wien
op Lëtzebuerg, op Monaco, op Singapore

Soubal allerdéngs de Lännernumm mat engem Artikel gebraucht gëtt, gëtt op de normale System gewiesselt: Ech fueren op Liechtenstein awer Ech fueren an de Liechtenstein oder och Ech fueren an de Vatikan.

Interessant ass schliisslech nach d’Form mat ze amplaz vun zu, déi een heiansdo och begéint:

  • Schliesslech follegen mer hei ze Lëtzebuerg dem Prinzip vum „ius sanguinis“ (RTL-Commentairen)
  • Obwuel am Ufank verschidde Leit gemengt hunn, hei ze Lëtzebuerg géing keng Grupp fir näischt spillen,  (Rapport Analytique Esch)

Heibäi handelt et sech ëm eng verschrëftlecht phonetesch Variant, déi aus dem zu ofgeleet ass. Wie Wäert op eng korrekt Schreifweis wëllt leeën, hätt besser, se net ze benotzen.

2 thoughts on “‚zu Lëtzebuerg‘ oder ‚a Lëtzebuerg‘? – Iwwert de Präpositionalgebrauch

  1. SONJA BLEY

    Moien Här Gilles,

    Nodeem ech de Studenten d’Tabell vun de Präpositiounen … ech komme vun/aus… ech liewen zu/ a(n), an der, an dem….. ech ginn op /a(n / an d‘ / an de(n)….. virgestallt an erkläert hat a „Frankräich“ an enger Kolonn vun de Länner, an dësem Fall, ouni Artikel stoen hat … also : ech kommen aus Frankräich, ech liewen a Frankräich, ech ginn a Frankräich, … . sinn ech dunn erwëscht ginn an zu riets gestallt ginn, well ech selwer an engem Exerice geschriwwen hat : Mir sinn am Frankräich an der Vakanz… Do koum ech awer ee Moment an d’Lab(e)renten. Ech hu mech ronderëm bei Lëtzebuerger ëmfrot an hu festgestallt, datt mir geleeëntlech bei Frankräich, genee esou wéi bei der Belsch, dem Kosovo, der Schwäiz, oder dem Maroc (och Marokko ouni Artikel), en Artikel virdru setzen, just dës Kéier fir Frankräich den neutralen Artikel : d’aktuellt Frankräich… awer an dem (am) Frankräich.

    Wann Dir nach Zäit fannt a Loscht hutt, géing ech mech fir Äre Gedankegang dozou interesséieren.

    Villmools Merci am Viraus.

    Mat léiwe Gréiss,
    Sonja Bley

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.