Réckbléck: De Colloque interne vum 15.12.2015 „Ist sie die erste ‚Offizéierin‘ oder ‚Offizéiesch‘? — Konkurrierende Movierungssuffixe im Luxemburgischen“

  Seet een éischter Offizéierin oder éischter Offizéiesch? Mat där Fro hunn sech d’Britta Weimann an d’Maike Edelhoff beschäftegt an hunn am Colloque hir Recherche an Iwwerleeungen dozou presentéiert. An hirem Titel ass rieds vu „konkurrierende Movierungssuffixe“. „Konkurrierend“ heescht an deem Fall, dass e Wuert ka méi wéi ee Suffix hunn an awer dat nämmlecht…

Ganzen Artikel

Réckbléck: De Colloque interne vum 08.12.2015 „Dem Batty Weber säi Lëtzebuerg“

Am Colloque interne vum 8. Dezember 2015 huet d’Anne-Marie Millim de Batty Weber als Lëtzebuerger „Erzählhistoriker“ virgestallt. Hatt beschäftegt sech a sengem aktuelle Projet virun allem mam Weber sengem Feuilleton, dem „Abreisskalender“, dee vun 1913 bis 1940 deeglech an der „Luxemburger Zeitung“ gedréckt gouf an iwwer 7000 kuerz Texter ëmfaasst. Ennerstëtzt vu ville Weber-Zitater gouf…

Ganzen Artikel

Nei Publikatioun iwwert d’Lëtzebuerger Méisprochegkeet

D’Ofkierzung GERFLINT steet fir Groupe d’études et de recherches pour le français langue internationale. Et ass eng Initiativ fir weltwäit d’wëssenschaftlech Publikatioun an Diskussioun innerhalb vun der Frankophonie ze förderen. Si gëtt vun der Fondation Maison des Sciences de l’Homme zu Paréis gedroen (Site vum GERFLINT) a gëtt ënner anerem wëssenschaftlech Zäitschrëften eraus, wéi z.B.Synergies…

Ganzen Artikel

Réckbléck: De Colloque interne vum 01.12.2015 „Partitiv am Lëtzebuergeschen oder wisou mer däers ni genuch kréien“

D’Caroline Döhmer huet am leschte Colloque en Deel vu senger Dokteraarbecht virgestallt, dës Kéier goung et ëm de Partitiv am Lëtzebuergeschen. Wéi den Numm et scho seet, handelt et sech dobäi ëm eng Form, déi en Deel vun engem Ganzen oder vun enger onbestëmmter Quantitéit bezeechent. Zum Beispill: ‚Ech kréien där ni genuch‘, woubäi sech den „där“…

Ganzen Artikel