Virschau op de Colloque vum 22. November 2016

Nieft der Produktioun vu de Vokaler am Lëtzebuergeschen ënnersicht d’Tina Thill och d’Aussprooch vu franséische Spriecher, déi Lëtzebuergesch schwätzen. E Verglach tëschent deene Produktioune liwwert beispillsweis Informatiounen iwwert d’Aussproochschwieregkeeten, mat deene franséisch Spriecher konfrontéiert ginn, wa se Lëtzebuergesch léieren. Nächsten Dënschdeg stellt D’Fuerscherin Resultater aus senger phonetescher Analys vir. D’Fuerschungsfroen an Ziler vu senger Aarbecht…

Virschau op de Colloque vum 15. November 2016

D’Tessa Lehnert stellt eis nächst Woch säin Thema vu senger Dissertatioun vir, déi et an der Psychologie schreift. Hatt erfuerscht den Afloss vun der Sprooch op d’Bewäertung vun enger Persoun. A sengem Abstract erkläert hatt méi genee, wéi seng Fuerschung ausgesäit.   The distinctiveness of language and nationality attitudes as two separable constructs influencing speaker evaluations…

Virschau op de Colloque vum 08. November 2016

Nächsten Dënschdeg schwätzt d’Sarah Martin iwwert e Phänomen am Lëtzebuergeschen, deen auslännesche Spriecher immens schwéier ze erklären ass. A senger Zesummefaassung gitt Dir méi doriwwer gewuer:   Hatt oder si – Genuszouweisung bei der Referenz op weiblech Persounen am Lëtzebuergeschen Wéini benotzen  d‘Spriecher hatt a wéini si, wann een am Lëtzebuergeschen op eng weiblech Persoun referéiert?…