Den „Toilettëpabeier“ a seng Varianten

Bei eiser leschter Facebook-Ofstëmmung, bei där mir vun Iech wësse wollten, wéi ee Resultat mir Iech als nächst sollte weisen, huet sech den Toilettëpabeier géint de Fernsee duerchgesat. Dofir dann elo hei dat, wat mer iwwert den Toilettëpabeier mathëllef vun engem Bild an eiser Schnëssen-App erausfonnt hunn: Am Ganzen hu mir fir dës Auswäertung 1363…

D’Schnëssen-Auswäertung fir de 4. Advent: Resultater aus dem Froebou

Well mir Iech d’Adventszäit och dëst Joer erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App wëlle verséissen, fannt Dir haut hei am Fuerschungsportal an och op eise Social-Media-Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) fir de véierten Adventssonndeg e leschte kuerze Video. Dobäi geet et haut mol eng Kéier net ëm d’Opnamen, mee ëm Resultater vun…

Eis Schnëssen-Auswäertung um 2. Advent: „Kannapee“ vs. „Kusch“

Well mir Iech d’Adventszäit och dëst Joer erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App wëlle verséissen, fannt Dir hei am Fuerschungsportal an och op eise Social-Media-Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) all Adventssonndeg e kuerze Video, deen sech mat jeeweils engem vu villen interessante Variatiounsphenomeener vum Lëtzebuergesche beschäftegt. Am Video vun haut dréit sech…

E Réckbléck op eis Zweet Summer School zum Lëtzebuergeschen

No méintelaanger Virbereedung war et vum 9. bis den 13. September endlech esou wäit. Fir eis Summer School zum Lëtzebuergeschen, déi d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft dëst Joer fir d’zweet Kéier organiséiert huet, hunn 18 Participante*ën  – virun allem Bachelor-, Master- a PhD-Student*innen – ë.a. aus Däitschland, der Ukrain, Japan, Éisträich an Island de…