Wéi sot Dir: Bottesch oder Schmier?

Sidd Dir prett, fir mol rëm eng Kéier e bëssen aner Resultater presentéiert ze kréien? Bei eiser Auswäertung vun haut beschäftege mir eis nämlech mat de Bezeechnunge fir eng Scheif Brout, déi – am Fall vun der entspriechender Foto an der Schnëssen-App – mat Botter bestrach ass. Dofir kucken mir eis awer net nëmmen d’Lëtzebuergescht…

Ganzen Artikel

Den „Toilettëpabeier“ a seng Varianten

Bei eiser leschter Facebook-Ofstëmmung, bei där mir vun Iech wësse wollten, wéi ee Resultat mir Iech als nächst sollte weisen, huet sech den Toilettëpabeier géint de Fernsee duerchgesat. Dofir dann elo hei dat, wat mer iwwert den Toilettëpabeier mathëllef vun engem Bild an eiser Schnëssen-App erausfonnt hunn: Am Ganzen hu mir fir dës Auswäertung 1363…

Ganzen Artikel

Eis Schnëssen-Auswäertung um 2. Advent: „Kannapee“ vs. „Kusch“

Well mir Iech d’Adventszäit och dëst Joer erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App wëlle verséissen, fannt Dir hei am Fuerschungsportal an och op eise Social-Media-Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) all Adventssonndeg e kuerze Video, deen sech mat jeeweils engem vu villen interessante Variatiounsphenomeener vum Lëtzebuergesche beschäftegt. Am Video vun haut dréit sech…

Ganzen Artikel

E Réckbléck op eis Zweet Summer School zum Lëtzebuergeschen

No méintelaanger Virbereedung war et vum 9. bis den 13. September endlech esou wäit. Fir eis Summer School zum Lëtzebuergeschen, déi d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft dëst Joer fir d’zweet Kéier organiséiert huet, hunn 18 Participante*ën  – virun allem Bachelor-, Master- a PhD-Student*innen – ë.a. aus Däitschland, der Ukrain, Japan, Éisträich an Island de…

Ganzen Artikel

Läffelsgeschier oder Besteck?

Bei der Ëmfro, bei där mir Iech an de soziale Medie gefrot hunn, wéi ee Resultat Dir als nächst wéilt gesinn, hat de Kannapee keng Chance géint d’Läffelsgeschier. Oder wéi ass fir Iech den Iwwerbegrëff fir d’Hëllefsmëttel, mat deenen een Dag fir Dag z. B. d’Nuddelen oppickt, d’Zopp schluppt oder d’Fleesch um Teller a mondgerecht…

Ganzen Artikel

Zahnpasta, Zännseef an de Brexit

An engem Interview am Abrëll huet de Lëtzebuerger Ausseminister d’Brexitverhandlunge mat Zahnpasta verglach. De Jean Asselborn sot an deem Kontext: “Das ist wie mit der Zahnpasta: Man bekommt sie sehr einfach aus der Tube raus, aber nicht mehr drin.” Dobäi stellt sech fir eis net nëmmen d’Fro, wéi hien op deen (net ganz onwitzegen) Verglach…

Ganzen Artikel