éier, ier & co.
9. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner
9. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner
8. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner An der éischter Ronn vun eiser Schnëssen-App hunn d´Participanten ënnert anerem de Saz „Warum gibt es Leute, die Psychologie studieren?“ op Lëtzebuergesch gesot. D´Fro, déi mir eis fir haut gestallt hunn, ass dobäi: Wéi hunn d´Leit den éischten Deel vum Saz iwwersat – mat „firwat gëtt et Leit“ (3. Pers. Sg.)…
7. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner De Pluriel vu Bic ass immens variabel. 3/4 vun de Participanten hu Bicker ma awer 21% Bicken respektiv e puer Vereenzelter Bics gesot. Net seelen ass Kugelschreiber awer och mat Füllfierder(en) oder Stëfter iwwersat ginn. Dës Variante sinn hei ënner Aner regruppéiert. Geheit een e Bléck op d´Verdeelung no Alter, gesäit een, dass dësen en Afloss op de Gebrauch vun de Varianten huet.…
6. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Den Norden an de Rescht. Op Kleeserchersdag beschäftege mir eis mat deene jeeweilege Variante vun net. Wéi d´Kaart ënnersträicht, ass d´net-Form däitlech verbreet, ze erkennen dorun, datt am Zentrum, am Süden an am Oste quasi just déi Variant existéiert (mat wéinegen Ausnamen). Am Weste loosse sech nach nit-Spriecher erkennen, och wann…
5. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner Léiwer en -d oder en -t? Haut verstoppt sech hannert der Dier d’Auswäertung vum Pluriel vu Schëld. Bei dësem Diagramm gesi mir eng Trap, déi weist, wéi de Pluriel sech nom Alter vun de Spriecher opdeelt . Bei där héchster Stuf, 65+, erkennt een datt Schëlter a Schëlder sech nach bal…