7. Dier vum Schnëssen-Adventskalenner
De Pluriel vu Bic ass immens variabel. 3/4 vun de Participanten hu Bicker ma awer 21% Bicken respektiv e puer Vereenzelter Bics gesot. Net seelen ass Kugelschreiber awer och mat Füllfierder(en) oder Stëfter iwwersat ginn. Dës Variante sinn hei ënner Aner regruppéiert.
Geheit een e Bléck op d´Verdeelung no Alter, gesäit een, dass dësen en Afloss op de Gebrauch vun de Varianten huet. Eeler Leit benotzen éischte d´-en-Form, woubäi déi bei de jonke Leit just nach wéineg virkënnt. Mat ofhuelendem Alter geet d´Zuel vun den er-Pluriellsforme kontinuéierlech an d´Luucht. Den er-Pluriel schéngt hei also lues a lues den en-Pluriel ofzeléisen.
Och den s-Pluriel, och wann en immens seelen ass, ass eng Form, déi exklusiv vu ganz jonke Leit benotzt gëtt.
E Grousse Merci un d´Participantë vun eisem éischte Schnëssen-Workshop, déi dës Daten ausgewäert hunn.