Ënnert dem Titel ‚Multilingual Teens‘ organiséiert d‘Berlitz-Sproocheschoul eng Fotosausstellung um Knuedler.

Olivia who is 12 and speaks Hungarian, French, Luxembourgish, English and German fluently.

© françois besch

„The 15 young people, whose pictures are displayed, all speak five languages fluently and show visitors to the country how diverse, youthful and promising Luxembourg multilingualism looks today.“

Aus dëse Wieder vum Organisateur schwätzt d’Begeeschterung iwwer d’Méisproochgkeet vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Dir kënnt d’Biller vum renomméierte Fotograf François Besch nach e Mount laang um Knuedler gesinn an do och e klengen Text iwwert den historeschen an aktuellen Sproochgebrauch liesen, deen onse Labo bäigesteiert huet … a véier Sproochen, wéi sech dat fir eng multilingual Ausstellung passt.

Fir den Auteur ass et lëschteg, d’Touristen an déi aner Leit ze beobachten, wéi se den Text liesen, wat fir eng vun deene véier Sproochen se preferéieren  a wéi se d’Informatioun op hirem Smartphone mathuelen.

© françois besch

© françois besch

En traditionell méisproochegt Land…

Wéi d’Groussherzogtum Lëtzebuerg 1815 entstanen ass, huet et zwou Sproochgemeinschafte vereenegt. 1839 huet et säi wallouneschsproochegen Deel un d’Belsch verluer an hat duerno eng Populatioun, déi verschidden däitsch Dialekter geschwat huet, déi als „Lëtzebuerger Däitsch“ bezeechent gi sinn. Trotzdem huet et um Franséischen als Staats-, Rechts- a Kultursprooch festgehalen.

Vun 1843 un ass d’Lëtzebuerger Schoul zweesproocheg ginn. Däitsch ass d’Sprooch vun der Alphabetiséierung. Als zweet Sprooch gëtt Franséisch geléiert. Am Géigesaz zum Beispilll vu Flandern, hunn d’Awunner dat beschwéierlecht Léiere vun der franséischer Sprooch op sech geholl, well si de Garant vun hirer politescher Onofhängegkeet war. Dat Däitscht Räich huet nämlech probéiert, de klenge Staat, mat dem Argument, datt d’Lëtzebuerger däitschsproocheg wieren, ze annektéieren. Am Laf vun der Zäit huet sech aus deene verschiddenen am Groussherzogtum geschwaten Dialekter eng nei Sprooch entwéckelt, d’Lëtzebuergescht. Duerch d’Sproochegesetz vun 1984 ass et zur Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger erhuewe ginn. Gläichzäiteg si Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch déi dräi Sprooche vun der Verwaltung ginn. Franséisch ass awer déi eenzeg Gesetzessprooch bliwwen. Nieft dësen dräi Landessprooche léieren d’Schüler Englesch, souzesoen als éischt wierklech Friemsprooch.

D’Méisproochegkeet an d’Oppenheet géigeniwwer der franséisch- an däitschsproocheger Kultur, déi sougenannte Mëschkultur, sinn en zentrale Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Identitéit, genausou wéi d’Lëtzebuerger Sprooch, där hir Positioun sou gefestegt ass wéi nach ni virdun: Lëtzebuergesch gëtt ëmmer méi geschriwwen, souwuel am Alldag, an den Internet-Medien, wéi och an der Literatur. Ausserdem gëtt et mëttlerweil eng gefestegt Rechtschreiwung mat Dictionnairen a Spellchecker. D’Nofro u Coursen, déi Lëtzebuergesch als Friemsprooch vermëttelen, ass sou grouss wéi nach ni an awer fäerte vill Lëtzebuerger, datt hir Sprooch verschwanne kéint. D’Erklärung dofir läit an dem groussen demographeschen a wirtschaftleche Wandel vun dem leschte Véirelsjorhonnert.

…gëtt ëmmer méi kosmopolitesch

Lëtzebuerg ass en Awanderungsland an d’Integratioun vun de Migrante gëtt duerch déi traditionell Méisproochegkeet erliichtert – dës Méisproochegkeet ass zu engem reale wirtschaftleche Virdeel vun eisem Land ginn. D’italienesch Awanderungswell nom 2. Weltkrich ass an den 1970er Jore vun enger portugisescher ofgeléist ginn. D’Franséischt huet hinnen den Zougang op den Aarbechtsmarché an an d’Gesellschaft erliichtert. Vill Migranten, awer net alleguer, léieren och Lëtzebuergesch an hir Kanner gi sproochlech integréiert. Allerdéngs stellt déi traditionell Dräisproochegkeet vun der ëffentlecher Schoul fir vill lëtzebuergesch an auslännesch Schüler eng héich Hürd duer.

Nieft der klassescher Aarbechtermigratioun gëtt et zu Lëtzebuerg eng grouss Zuel vun héichqualifizéierten auslänneschen Aarbechtskräften, déi haaptsächlech an den europäeschen Institutiounen an op der Finanzplaz schaffen. Hir Kanner ginn an eegen, international Schoulen a stellen ëmmerhi knapps 10% vun den zu Lëtzebuerg ageschoulte Schüler duer. Dës Populatioun, déi oft nëmme kuerzfristeg bleift, dréit zousätzlech zur Villsproochegkeet an zur Multikulturalitéit vu Lëtzebuerg bäi a verstäerkt dem Land säi kosmopolitesche Charakter.

D’Lëtzebuerger Wirtschaft ass an deene leschten 20 Joer sou staark gewuess, datt se hir Aarbechtskräften an de Grenzregioune vun den dräi Nopeschlänner siche muss. Déi sougenannte Frontaliere stelle mëttlerweil ongeféier 44% vun der aktiver Populatioun duer. D’Halschent dovu kënnt aus Frankräich a jee e Véirel aus der Belsch an aus Däitschland. Vill vun hinne schaffen am Handel an an der Gastronomie. Doduerch gëtt d’Präsenz vum Franséischen am ëffentleche Raum verstäerkt. D’sproochlech Ufuerderunge sinn awer jee no Wirtschaftssecteur verschidden. Während an de globaliséierte Wirtschaftszweigen Englesch e Must ass, sinn d’Industrie an d’Baubranche wäitgehend francophone. Am administrative Beräich an an de Geschäfter allerdéngs erwaarden d’Clienten e méisproochegt Personal. Sou kritt d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg en ëmmer méi héije Stellewäert.

Mee och wann déi Lëtzebuerger Gesellschaft ouni d’Méisproochegkeet net funktionéiere kann, däerf een net iwwersinn, datt eng voll Participatioun – virun allem um politesche Liewen – net ouni déi lëtzebuergesch Sprooch méiglech ass.

Fernand Fehlen, Uni Lëtzebuerg, lux.ipse.uni.lu
Zréck

 

A traditionally multilingual country…

When the Grand Duchy of Luxemburg was established in 1815, it united two language communities. After the loss of its Walloon part to Belgium in 1839, it found itself with a population speaking different German dialects, known as “Luxembourger German”. Nevertheless, it held on to French as the language of the State, legislature and culture.
In 1843, schools in Luxemburg became bilingual, with German as the language of alphabetization and French taught as a second language. In contrast to the Flemish population of Belgium, the residents of Luxembourg made the effort to learn French to help guarantee their political independence. Indeed, the German Empire tried to incorporate the small country with the argument that the Luxembourgers were German-speaking. Over time the different dialects evolved into a new language, Luxembourgish. With the language law of 1984, Luxembourgish gained the status as the national language of Luxemburg. French, German and Luxemburgish are the languages of the administration, though French remains the only language of law and jurisdiction. In addition to these three languages, children in school learn English, so to speak, as their first real foreign language.
Multilingualism and the positive attitude toward French and German culture, along with the Luxemburgish language, is an integral aspect of the Luxemburgish identity. The status of the latter is stronger than ever. Luxembourgish increasingly appears in print media and on the internet. In the meantime the grammar and spelling are standardized and appear in dictionaries and spellcheckers. The demand for language courses in Luxembourgish is higher than ever and yet many Luxemburgers fear that their language may disappear. The reason lies in the demographic and economic development of the last quarter century.

…becomes increasingly cosmopolitan

Luxembourg is a country characterized by a high degree of immigration movements. The traditional multilingualism is a real economic advantage and enhances the integration of migrant workers. For instance, Italian and Portuguese migrants can access the labour market through the French language. Many migrants, though not all, learn the local language. More particularly, migrant children become linguistically integrated as they enter the national education system. On the other hand, the traditional trilingualism also poses a considerable challenge for many Luxembourgish and migrant schoolchildren, as the successful completion of the national education system requires a high degree of written German, French, English as well as spoken Luxembourgish competence.
In addition to the traditional labour migration, Luxemburg also experiences migration from highly qualified expatriates, mainly employed in European institutions and the financial sector. Their children attend separate international schools and represent almost 10% of the school children. This, though often short term population, also contributes to the multilingual and multicultural aspect of Luxembourg and gives the country an additional cosmopolitan character.
Given that Luxembourg’s economy has experienced a very high degree of economic growth over the last 20 years, the resident population is not sufficient to supply its growing demand in labour force. This results in the expansion of the labour market to the border regions of France, Belgium and Germany. In recent years, cross-border commuters make up nearly 44 percent of the entire workforce. Half of them come from France and a quarter each from Germany and Belgium. Many of them work in retail and restaurant industry, strengthening the presence of the French language in the public sphere. The language requirements differ in the different economic sectors. Whereas in the globalized business sector English is a must, the industrial and building sectors are more Francophone, and in administrations and shops clients expect multilingual personnel. Thus multilingualism becomes ever more important in Luxembourg.
Although multilingualism continues to be a important aspect of Luxembourg’s society, the Luxembourgish language remaiins a key factor of integration, given that full participation in social life, and especially in politic debate, is not possible without it.
Fernand Fehlen, University of Luxemburg, lux.ipse.uni.lu
Zréck

Un pays traditionnellement multilingue …

Lors de sa création en 1815, le Grand-Duché de Luxembourg réunissait deux communautés linguistiques. En 1839, il perdit sa région francophone au profit de la Belgique et se retrouva avec une population parlant différents dialectes allemands, regroupés sous l’appellation « luxembourgeois allemand ». Néanmoins, le Français fut conservé comme langue de l’Etat, de la justice et de la culture.
A partir de 1843, l’école luxembourgeoise devient bilingue. L’allemand est la langue d’alphabétisation ; quant au français, il est enseigné en tant que langue seconde. Contrairement à la Flandre, les habitants faisaient l’effort d’apprendre la langue française afin de garantir l’indépendance politique du Grand-Duché. En effet, l’Empire allemand avait tenté d’annexer le petit État en arguant que le Luxembourg était un État germanophone. Au fil du temps, une nouvelle langue, le luxembourgeois, s’est développé à partir des différents dialectes. La loi linguistique de 1984 lui a donné le statut de langue nationale. En même temps, elle a définit le français, l’allemand et le luxembourgeois comme les trois langues de l’administration. Toutefois le français reste la seule langue législative. En plus de ces trois langues du pays, les jeunes luxembourgeois apprennent l’anglais à l’école, en tant que première langue « vraiment » étrangère.
Le multilinguisme et l’ouverture aux cultures francophone et germanophone, de même que la langue luxembourgeoise, dont la position est mieux établie que jamais, sont au cœur de l’identité luxembourgeoise. L’écriture du luxembourgeois devient de plus en plus courante, aussi bien dans la vie quotidienne que dans les médias. Depuis peu, la grammaire et l’orthographe sont normalisés. Les dictionnaires et les orthogiciels contribuent à la diffusion de la norme. La demande de cours de luxembourgeois en tant que langue étrangère est plus forte que jamais. Malgré tout certains redoutent que cette langue ne disparaisse. Les raisons de cette crainte résident dans les grands changements démographiques et économiques du dernier quart de siècle.

… qui devient de plus en plus cosmopolite

Le Luxembourg est un pays d’immigration. L’intégration des immigrés est facilitée par le plurilinguisme traditionnel qui se transforme ainsi en réel avantage économique pour le pays. La vague de migration italienne après la seconde guerre mondiale a été suivie dans les années 70 par une vague de migrants portugais. Dans les deux cas, le français a contribué à ouvrir les portes du marché du travail et de la société. Une grande partie des migrants apprend le luxembourgeois et leurs enfants sont linguistiquement intégrés. Toutefois, le trilinguisme traditionnel de l’école publique représente pour beaucoup d’enfants – tant luxembourgeois qu’immigrés – un obstacle presque insurmontable.
Outre les travailleurs migrants classiques, le Luxembourg compte également un grand nombre de travailleurs étrangers hautement qualifiés, principalement dans les institutions européennes et le secteur financier. Leurs enfants fréquentent les écoles internationales et représentent près de 10% des élèves inscrits au Luxembourg. Cette population installée très souvent pour une courte durée, contribue également au multilinguisme et au multiculturalisme du Luxembourg et accentue le caractère cosmopolite du pays.
L’Économie luxembourgeoise a crû à une telle vitesse au cours des 20 dernières années qu’elle doit à présent recruter sa main d’œuvre dans les régions frontalières des pays voisins. Ces travailleurs frontaliers représentent environ 44% de la population active. La moitié d’entre eux vient de France, l’autre moitié à part égale de Belgique et d’Allemagne. Beaucoup travaillent dans le commerce, l’hôtellerie et la restauration, renforçant la présence de francophones dans l’espace public. Les exigences linguistiques varient selon les secteurs économiques. Alors que dans le secteur des entreprises internationales, l’anglais est un must, les secteurs de l’industrie et de la construction sont en grande partie francophones. Dans les commerces et administrations, les clients s’attendent à un personnel multilingue. Ainsi le multilinguisme du Luxembourg gagne de plus en plus en importance.
Bien que la société luxembourgeoise ne puisse fonctionner sans le multilinguisme, il ne faut pas négliger que la participation active, en particulier à la vie politique, est impossible sans maîtrise de la langue luxembourgeoise.
Fernand Fehlen, Université de Luxembourg, lux.ipse.uni.lu
Zréck

Ein traditionell mehrsprachiges Land …

Als das Großherzogtum Luxemburg 1815 geschaffen wurde, vereinigte es zwei Sprachgemeinschaften. 1839 verlor es seinen wallonischsprachigen Teil an Belgien und hatte danach eine Bevölkerung, die verschiedene deutsche Mundarten sprach, die als „Luxemburger Deutsch“ bezeichnet wurden. Trotzdem hielt es am Französischen als Staatssprache, Rechtssprache und Kultursprache fest.
Ab 1843 wird die Luxemburger Schule zweisprachig. Deutsch ist die Sprache der Alphabetisierung. Französisch wird als zweite Sprache gelernt. Im Gegensatz etwa zu Flandern nahmen die Einwohner das mühsame Erlenen der französischen Sprache auf sich, weil sie ein Garant ihrer politischen Unabhängigkeit war. In der Tat versuchte das Deutsche Reich sich den kleinen Staat einzuverleiben mit dem Argument, dass die Luxemburger deutschsprachig seien. Im Laufe der Zeit entwickelte sich aus den verschiedenen in Großherzogtum gesprochenen Dialekten eine neue Sprache, das Luxemburgische. Es wurde durch das Sprachengesetz von 1984 zur Nationalsprache der Luxemburger erhoben. Gleichzeitig wurden Französisch, Deutsch und Luxemburgisch die drei Sprachen der Verwaltung, aber Französisch blieb die einzige Gesetzessprache. Neben diesen drei Landessprachen lernen die Schüler Englisch, sozusagen als erste wirkliche Fremdsprache
Die Mehrsprachigkeit und die Offenheit gegenüber der französischsprachigen und deutschsprachigen Kultur, die sogenannte Mischkultur, sind zentraler Bestandteil der Luxemburger Identität, genauso wie die Luxemburger Sprache, deren Position gefestigter ist denn je: Luxemburgisch wird zunehmend geschrieben, sowohl im Alltag, in den Internet-Medien als auch in der Literatur. Auch gibt es mittlerweile eine gefestigte Rechtschreibung mit Wörterbüchern und Computerkorrekturprogrammen. Die Nachfrage nach Kursen, die Luxemburgisch als Fremdsprache vermitteln, ist grösser denn je und doch fürchten viele Luxemburger, dass ihre Sprache verschwinden könnte. Die Erklärung dafür liegt im großen demografischen und wirtschaftlichen Wandel des letzten Vierteljahrhunderts.

… wird immer kosmopolitischer

Luxemburg ist ein Einwanderungsland und die Integration der Migranten wird durch die traditionelle Mehrsprachigkeit erleichtert – letztere wurde zu einem realen wirtschaftlichen Standortvorteil. Die italienische Einwanderungswelle nach dem 2. Weltkrieg wurde in den 1970er Jahren von einer portugiesischen abgelöst. Für beide bildete das Französische ein Eintrittstor auf den Arbeitsmarkt und in die Gesellschaft. Viele, nicht alle, lernen auch Luxemburgisch und ihre Kinder werden sprachlich integriert. Allerdings stellt die traditionelle Dreisprachigkeit der Regelschule für viele Schüler mit und ohne Migrationshintergrund eine fast unüberwindbare Hürde dar.
Neben der klassischen Arbeitermigration gibt es in Luxemburg eine große Zahl von hochqualifizierten ausländischen Arbeitskräften, die hauptsächlich in den Europäischen Institutionen und auf dem Finanzplatz arbeiten. Ihre Kinder gehen in eigene, internationale Schulen und stellen immerhin knapp 10% der in Luxemburg eingeschulten Schüler dar. Diese oft nur kurzfristig in Luxemburg bleibende Population trägt zusätzlich zur Vielsprachigkeit und Multikulturalität Luxemburgs bei und gibt dem Land ein zusätzliches kosmopolitisches Gepräge.
Die Wirtschaft Luxemburgs ist in den letzten 20 Jahren so stark gewachsen, dass sie ihre Arbeitskräfte in den Grenzregionen der drei Nachbarländer suchen muss. Die sogenannten Grenzpendler stellen mittlerweile ca. 44% der Erwerbsbevölkerung dar. Die Hälfte kommt aus Frankreich, je ein Viertel aus Belgien und Deutschland. Viele von ihnen arbeiten im Handel und Gaststättengewerbe. Dadurch wird die Präsenz des Französischen im öffentlichen Raum verstärkt. Die sprachlichen Anforderungen sind nach Wirtschaftssektor jedoch verschieden. Während in den globalisierten Wirtschaftszweigen Englisch ein Must ist, sind die Industrie und Baugewerbe weitestgehend frankophon und die Kundschaft erwartet in den Behörden und Geschäften ein mehrsprachiges Personal. So bekommt die Mehrsprachigkeit in Luxemburg einen immer höheren Stellenwert.
Doch auch wenn die Luxemburger Gesellschaft ohne die Mehrsprachigkeit nicht funktionieren würde, darf man nicht übersehen, dass eine volle Teilnahme – besonders am politischen Leben – nicht ohne die luxemburgische Sprache möglich ist.
Fernand Fehlen Universität Luxemburg, lux.ipse.uni.lu
Zréck

Är Commentairen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.