15 Joer Institut vun der Luxemburgistik, dat si 15 Joer Opbau an Ausbau vun der Fuerschung a vun der Léier am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft. Dësen Anniversaire ass d’Geleeënheet, fir souwuel e Réckbléck wéi och en Ausbléck vun de verschiddene Fuerschungberäicher ze
maachen.

 

Hybrid Veranstaltung – 18. an 19. November 2021 (8:45–17:00)
Black Box (Maison des Sciences Humaines – Uni.lu) als Covid-check-Event mat limitéierte Plazen

Online iwwer WebEx (bei der Umeldung kritt Dir en entspriechende Link zougeschéckt)

 

Umeldung

Umeldung fir d’Konferenz (online):

D’Participatioun un der Konferenz ass an éischter Linn online iwwer WebEx virgesinn. Soubal Dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir en entspriechende Link zougeschéckt, iwwert deen Dir un der kompletter Konferenz deelhuele kënnt.

Umeldung fir d’Table ronde (sur place):

Fir d’Table ronde (18. November um 16:30) ginn et och e puer limitéiert Plaze sur place (Covid-check).

 

Umeldung per Email op nathalie.entringer@uni.lu

Preziséiert wgl. an Ärer Email, ob Dir online un der Konferenz an/oder op der Plaz un der Table ronde deelhuele wëllt.

 

Dës Konferenz ass och als Formation Continue fir Enseignante*ë beim IFEN eligibel. Gitt bei der Umledung wgl. un, wann Dir Iech dëst Evenement urechne loosse wëllt. Just op dës Manéier kënne mer Iech duerno dat entspriechend Dokument zoukomme loossen. Méi Informatiounen dozou fannt Dir hei.

Programm:

Schreibe einen Kommentar

Your email address will not be published.

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>

clear formSubmit

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.