„Bitzen“ – e Verb mat ville regionale Varianten

Huet d‘Néiesch gëschter gebitzt, gebutt, gebikst, gebukt oder awer gebéizt? Wéi eng Form dëst Verb am Partizip Perfekt unhëlt, huet ënner anerem domat ze dinn, a wéi engem Deel vum Land mir eis ophalen. Bei der Auswäertung vun den 1412 Sätz, an deenen dëst Verb virkoum, konnten aacht Variante festgestallt ginn: gebitzt, gebutt, gebout, gebikst, gebukt, gebéitzt,…

Details

E Beispill fir Sproochwandel am Lëtzebuergeschen: De Partizip Perfekt vu „kafen“

Net seelen huet een et am Kader vu Variatioun mat esou enger ze doen, déi d’Endunge vu Wierder betrëfft. De Partizip Perfekt gehéiert och an d’Rei vun dëse Phenomener.   Géintiwwer sti sech hei kaaft a kaf bzw. kooft – kof  an k[ɔː]ft – k[ɔː]f. Geheie mir fir d’éischt ee Bléck op d’Kaart: Hei gëtt däitlech, datt kof/kooft eng nërdlech Variant ass, wougéint k[ɔː]ft…

Details

De ganzen Dag un engem Ee schielen

Och dat onscheinbart, awer wichtegt Wuert Ee, am Pluriel Eeër, ass am Lëtzebuergesche méi variabel wéi ee géif mengen. Am Ganze si mer an den Daten aus der Schnëssen-App 864 Eeër siche gaangen. Dräi Haaptvariante kënnen ënnerscheet ginn: Eeër, Är an Aier. Fir mat der leschter a vläicht opfällegster Variant unzefänken: Fir de ganzen héijen Norden ass schéin ze gesinn, dass…

Details

De Vull a seng kleng Kolleegen

Wéi esou dacks bei eisen Auswäertungen ass och hei erëm méi wéi eng Bezeechnung benotzt ginn, fir déi kleng gefligelt Déiercher ze benennen. U sech kann een hei zwou Diminutivvarianten ausmaachen; Villercher a Vigelcher an déi entspriechend net verklengert Formen Vullen a Vigel. Bei de Formen, déi net verklengert goufen, sinn och nach d’Bezeechnungen Vill, een alternative Pluriel zu Vullen, Vugelen a Piipmatzen gefall. Geheit een e Bléck op…

Details

Virwëtz, Virwëlz an Neigier

Et wierkt wéi ee lëtzebuergescht Original: de Virwëtz, virwëtzeg sinn. Ma wéi bal all d’lëtzebuergesch Wierder, huet och dësen Ausdrock seng Wuerzelen am Al- a Mëttelhéichdäitschen. Eist virwëtzeg kënnt vum ahd. firiwizic bzw. mhd. vor-, vür- oder virwitzec, wat deemools schonn d’Bedeitung hat, déi dëst Adjektiv och am haitege Lëtzebuergesch huet: dt. ’neugierig‘, fr.’curieux‘. Am Däitsche vun haut gëtt et vorwitzig natierlech och nach,…

Details