Et wierkt wéi ee lëtzebuergescht Original: de Virwëtz, virwëtzeg sinn. Ma wéi bal all d’lëtzebuergesch Wierder, huet och dësen Ausdrock seng Wuerzelen am Al- a Mëttelhéichdäitschen. Eist virwëtzeg kënnt vum ahd. firiwizic bzw. mhd. vor-, vür- oder virwitzec, wat deemools schonn d’Bedeitung hat, déi dëst Adjektiv och am haitege Lëtzebuergesch huet: dt. ’neugierig‘, fr.’curieux‘. Am Däitsche vun haut gëtt et vorwitzig natierlech och nach, allerdéngs huet sech d’Bedeitung vum Wuert am Verglach zum Al- a Mëttelhéichdäitsche geännert. Wann een als vorwitzig bezeechent gëtt, ass domat gemengt, datt een ‚keck‘ oder ‚vorlaut‘ ass. Am Däitschen ass dëst Wuert also éischter negativ konnotéiert – hei heescht et also oppassen, net datt et zu Mëssverständnesser kënnt ;-).
Och wann elo esou selbstverständlech vum lëtzebuergesche Virwëtz geschwat ginn ass – jo, Dir kënnt Iech et schonn denken – variéiert och dëst Wuert. Begéint si mir insgesamt siwe verschidde Variante vun dësem Wuert: virwëtzeg, virwëlzeg, vuerwëtzeg, vuerwëlzeg, virw(a/ä)tzeg, vuerw(a/ä)tzeg an neigiereg. Wéi Dir sécherlech scho richteg erkannt hutt, ënnerscheede sech dës Varianten nëmme minimal an dat entweder am Bezuch op de Präfix vir- vs. vuer- oder op d’Vokal-Konsonante-Kombinatioun an der Mëtt –ël- vs. -ët-.
Wat ass dann elo hei d’Haaptvariant? Ma dat ass hei net esou einfach ze soen. Et ginn zwou Varianten déi ongeféier d’selwecht dacks virkommen: virwëtzeg avirwëlzeg. Allerdéngs kommen dës op nëmmen 33% respektiv 34%. All déi aner Variante kommen zwar vill méi seele vir, kommen awer och op Prozentsätz tëscht 5% an 10%.
Kuckt ee sech d’Kaart un, wierkt dës op den éischte Bléck wéi ee grousst Duercherneen, wat bedeite géif, datt et sech net ëm eng regional Variatioun handelt. Konzentréiert een sech awer op d’Verdeelung vun de Punkte mat der intensiver bzw. blatzeger Fierwung fält op, datt d’Varianten, déi mat vuer- ufänken (blatzeg), sech an éischter Linn op den Norde vum Land konzentréieren. Mir hunn et hei also mat enger Nord-Süd Verdeelung ze dinn. Dëst gëllt, an dat beweist de Kuddelmuddel u Faarwen op der Kaart, allerdéngs net fir d’Variatioun vun –ël- an –ët-. Hei handelt et sech ëm déi Aart vu Variatioun, déi onofhängeg vun enger regionaler Verdeelung besteet.
Konzentréiere mir eis dowéinst emol op d’Verdeelung no Alter. A wien hätt et geduecht, hei verstoppt sech eng méiglech Erklärung fir déi net regional Variatioun. Mam Alter ginn d’Nennunge vun de Variante mat -ël- erof a fir -ët- erop.
Kombinéiert een dat mat der Observatioun, datt d’Variant mat -t- och am Al- a Mëttelhéichdäitschen eng Roll gespillt huet, kann een unhuelen, datt d’Form mat -l- déi méi rezent ass an et sech hei ëm Variatioun handelt, déi een a Relatioun mat Sproochwandel setze kann.
Dat weist, datt d’Erklärunge munchmol ganz no schéngen, ma dann awer net esou evident sinn, wéi et op den éischte Bléck den Uschäin huet.