Päiperlek, Pimpampel & co.

An der Schnëssen-App hu 1459 Leit eis geäntwert a sech opgeholl, wéi si déi kleng, meescht faarweg Déiercher mat de Flilleken nennen an dobäi konnte mir feststellen, datt eng grouss Majoritéit Päiperlek seet. Déi aner zwou nennenswäert Variante si Pimpampel a Schmetterleng. All dës Forme si souguer schonn am Luxemburger Wörterbuch vermierkt gewiescht, woubäi de Schmetter-leng do nach ënnert där héichdäitscher Aussprooch Schmetter-ling ze…

Details

De klenge ronne Fall aus Lieder: E Futtball, e Fussball oder e Foussball?

Vill Leit sinn de Moment jo am WM-Féiwer an déi eng oder aner vun Iech hate bestëmmt schonn eng Diskussioun an der Famill, mat Frënn oder Kolleegen doriwwer, ob et dann elo Fussball, Foussball oder Futtball heescht. Mir hunn d’Äntwert oder op d’mannst eng éischt Auswäertung vun deem, wat Dir eis beim Bild vum ronne Lieder an d’App erageschwat hutt.…

Details

Iwwer dat oranget Geméis: Muerten a Wuerzelen

Nodeems mir eis 1087 Opnamen zum Bild mam orangë Geméis ugelauschtert hunn, kënne mir Iech folgend flott éischt Resultater presentéieren:Et ginn 2 Haaptvarianten: Muert a Wuerzel. Muert ass vun insgesamt 62,2 % (n=669) vun de Leit gesot ginn a Wuerzel kënnt zu 28,1 % (n=302) vir. Déi aner 9,7 % verdeelen sech op weider Variante vu Muert (Morten, Murschten a Muurten), Karotten (1,4%), Duebelnennungen a vereenzelt aner…

Details