Eng vun de leschten Aufgaben an der Schnëssen-App ass d’Fro Schwätzt Dir e lokalen Dialekt vum Lëtzebuergeschen? Wa jo, wéi en Numm huet deen da fir Iech?, mat där mir erausfanne wëllen, awéiwäit an der Lëtzebuerger Populatioun d’Bewosstsinn existéiert, dass Lëtzebuergesch eng eegestänneg Sprooch oder éischter eng Usammlung vu verschiddenen Dialekter ass. Doriwwer eraus soll mat der Fro och erausfonnt ginn, ob an der Bevëlkerung iwwerhaapt nach Dialekter geschwat ginn. D’Fro ass jo relativ oppe formuléiert an deementspriechend grouss ass och d’Bandbreet vun den Äntwerten, déi mer kruten. D’Auswäertung, déi mer hei presentéieren, ass dowéinst och nach ganz graff a virleefeg, mee se erlaabt scho lo interessant Aussoen.
Am Ganzen hu méi wéi 1.500 Persounen dës Fro beäntwert, hei ausgewäert sinn der awer just 400. Wéi d’Grafik weist, soe knapps 60%, dass si keen Dialekt géife schwätzen, wärend 38% vu sech mengen, en Dialekt ze hunn. Ënner „onbewosst“ (2%) falen de Moment nach verschidde Fäll, wéi z.B. Opnamen, an deenen eng Persoun seet, dass se keen Dialekt schwätzt a bei der Persoun beim Schwätzen awer eng regional/dialektal Fierwung erauszehéieren ass. An enger nächster, méi detailléierter Analys ginn dës Fäll an d’Äntwerten op dës Fro am Allgemengen natierlech nach méi differenzéiert betruecht a regruppéiert.
Wann ee sech d’Altersverdeelung ukuckt, da kënne mer déi üüblech Dynamik vun al op jonk rëm erkennen: Eeler Leit schéngen dozou zu tendéieren, – subjektiv gesinn – méi Dialekt ze schwätzen, wéi déi ganz jonk Leit, déi vu sech behaapten, éischter keen Dialekt ze schwätzen (59%). Déi weider Auswäertung wäert weisen, ob dësen Trend wierklech och am ganzen Datesample ze fannen ass.
Kucke mer eis schliisslech nach déi regional Verdeelung un. Persounen, déi éischter keen Dialekt schwätzen, fanne sech iwwerwigend am Zentrum vum Land, mat Konzentratiounen am nërdleche Guttland an ëstlech vun der Stad. Persounen, déi sech als Dialektspriecher bezeechnen, kann ee queesch duerch d’ganzt Land fannen. Däitlech ass hei den Norden ze erkennen, awer och de Minett. Opfälleg ass, dass och Leit aus der Stad deelweis vu sech soen, en Dialekt ze schwätzen (‚Stater‘).
Merci un eis Masterstudente Julie Riva a Pol Breser, déi bei der Auswäertung assistéiert hunn.
An zum Schluss natierlech eise gewinnten Opruff: Luet Iech d’App aus dem App Store oder dem Play Store erof a maacht mat bei der gréisster Erhiewung vum geschwatene Lëtzebuergesche vun haut.