Bei der Auswäertung vun haut gi mer méi genau der Fro no, wéi d’Leit déi Decken oder dat Duch nennen, mat deem een en Dësch bedeckt, fir en ze schützen oder ze “dekoréieren”. An der zweeter Ronn vun der Schnëssen-App hu mir dofir e passend Bild an d’App gesat an am Ganze 655 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Hei d’Resultater:

 

Vir bäi an eisen Opnamen ass d’Dëschelduch mat 36,9% (242 Opnamen), virun Napp mat 28,5% (187 Opnamen) an Toile cirée mat nach 9,0% (59 Opnamen). Donieft goufen och nach Dëschnapp, Dëschduch, Dëschenduch an Dëscheldecken méi dacks genannt. Ënner “aner” sinn interessant Eenzelnennungen zesummegefaasst wéi beispillsweis Tapéit, Dëschtapéit, Dëschdeck, Dëschgedecks oder och nach Dëschlued. Wéi een um Kéisdiagramm erkennt, goufen et awer och eng ganz Partie Méifachnennungen (9,9%), bei deenen d’Leit zwou oder méi Varianten an d’App erageschwat hunn. Am dackste goufen hei d’Kombinatiounen Dëschelduch + Napp an Dëschelduch + Toile cirée gewielt. Wat d’regional Variatioun betrëfft, ass ze betounen, dass mir déi verschidde Varianten op -dou[χ] an -dou[ɕ] jeeweils zu der entspriechender Variant mat –du[χ] gezielt hunn.

Bei deene verschiddene Begrëffer bleift ze vermierken, datt Dëschelduch (dt. ‘Tischtuch’, als ‘Tischeltuch’ am Rheinischen Wörterbuch) an Napp (frs. ‘nappe’) als Synonymmer ze verstoen an och esou am Lëtzebuerger Online Dictionnaire opgefouert ginn. Toile cirée dogéint ass en Ënnerbegrëff a mengt en Dëschelduch/eng Napp, déi mat enger klenger Schicht Wuess iwwerdeckt ass. Vill Leit hunn an der App erkannt, datt et sech op der Foto ëm genau esou eng Dëschbedeckung handelt an dowéinst net den Iwwerbegrëff, mee de spezifesche benotzt. Spannend ass hei zudeem, datt cirée net, wéi een et aus dem Franséische kennt, ausgeschwat gëtt: Engersäits ass d’Betounung generell op der éischter (an net op der zweeter) Silb an anerersäits variéiert d’Aussprooch vum Wuert cirée u sech tëscht [siʀeː], [siʀiː] an [tsiʀiː].

 

Wéi ëmmer feelt dann nach e Bléck op d’Altersverdeelung: Hei gesäit een, datt déi verschidde Variante quasi an all Alterskategorie present sinn an déi zwou Haaptvarianten sech iwwert d’Alterskategorien ewech ähnlech verhalen. Eng kleng Entwécklung kann een héchstens bei bei Dëschnapp an Toile cirée ausmaachen: Wärend Dëschnapp zouhëlt, gëtt Toile cirée vun deene Jonke manner dacks benotzt. Dobäi ass et schwéier ze soen, ob de liichte Réckgang vun Toile cirée dorop zeréckzeféieren ass, datt dës Variant effektiv vun deene Jonke manner benotzt gëtt, si generell net tëscht ënnerschiddlechen Typpe vun Dëscheldicher ënnerscheeden oder einfach éischter dozou tendéiert hunn den Iwwerbegrëff ze nennen.

Är Commentairen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.