Et ass nees esou wäit: An der App ginn et eng Hellewull nei Biller, Sätz fir ze iwwersetzen a Froen ze beäntwerten. Wéi sot Dir: Kanéil oder Zimt? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen? Dës Kéier interesséiert eis ënnert anerem och, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass – besonnesch do si mer schonn op Är Äntwerte gespaant!

Deelt eis also all dat mat, andeems och Dir bei der 5. Ronn an eiser App matmaacht. All Participant*e an all Opnam zielt an hëlleft eis bei der Dokumentéierung an der Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen an all senge Facetten!

Wann Dir d’App nach net op Ärem Handy installéiert hutt, da kënnt Dir Iech se hei eroflueden:

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.