Du intresséiers dech fir d’Lëtzebuergescht als Fach? Mat senger Literatur, Struktur a sozialer Dynamik?

Du wëlls e Studium mat engem breede Spektrum vu Sujeten an enger gudder Betreiung?

Da schreif dech nach séier an op der Uni.lu fir de
Bachelor en Cultures Européennes – Lëtzebuerger Linguistik a Literatur.

Hei nach e puer Infoen als PDF:

https://www.uni.lu/wp-content/uploads/sites/2/2023/07/FLYER_BCE_LUXEMBOURGISTIKsrzRif.pdf

An hei geet et bei d‘Aschreiwungen – méiglech bis muer, 26.07.2023!
(… den Uni-Site gëtt grad nei gemaach, dofir sinn d’Infoe bis ewell just op Englesch fräigeschalt)

https://www.uni.lu/fhse-en/study-programs/bachelor-en-cultures-europeennes-letzebuerger-linguistik-a-literatur/

 

(Du hues dëst Joer deng Première gemaach an hues den Diplom awer nach net do leien?
Dat ass kee Problem, schreif dech schonn an a reech deng offiziell Dokumenter einfach an den nächste Wochen no.
Mer huelen natierlech och Leit, déi d’Première schonn e puer Joer an der Täsch hunn.)

Mir freeën eis op dech!

Schreibe einen Kommentar

Your email address will not be published.

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>

clear formSubmit

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.