Mäin Numm ass Melissa Mujkić, Doktorandin op der Universitéit Lëtzebuerg, an ech siche Jugendlecher, déi mech bei menger Fuerschung iwwer d’digital Jugendkommunikatioun ënnerstëtzen, andeems se bei engem Workshop matmaachen. Doduerch, dass et nach keng Daten zur Sproochpraxis vun de Jugendlecher zu Lëtzebuerg ginn, sinn ech elo amgaangen, e WhatsApp-Korpus opzebauen. Et geet also dorëm, erauszefannen, wéi déi Jonk op WhatsApp matenee kommunizéieren, an zwar op linguistescher Basis (z. B. Variatiounsstrukturen, kreativ an innovativ Schreifregësteren, potenziell Jugendwierder avm.). Bei de Workshops kréien d’Participante*ën Ablécker an d’Jugendsproochfuerschung a siche WhatsApp-Chats mat aner Jugendlecher eraus, déi si mengem Projet zur Verfügung stelle wëllen. Fir datt ee keng Persoune méi identifizéiere kann, ginn d’Chats vun de Jugendlecher selwer anonymiséiert a pseudonymiséiert.
Wéi s du Deel vun der Erfuerschung vun der Jugendsprooch kanns sinn, kanns du uewen am Flyer an hei ënne liesen:
- Konditioune fir d’Participatioun: 12-19 Joer al sinn, Lëtzebuergeschkenntnisser hunn a WhatsApp am Alldag notzen
- Workshop am Luxembourg Learning Centre (LLC) um Belval (Adress: 7, Ënnert den Héichiewen, L-4361 Esch-Uelzecht)
- Du kanns dech bei mir per E-Mail fir e Workshop umellen: melissa.mujkic@uni.lu
- 13. Oktober 2023, 16-18 Auer
- 14. Oktober 2023, 14-16 Auer
- 16. Oktober 2023, 16-18 Auer
- 9. November 2023, 16-18 Auer
- 16. November 2023, 16-18 Auer
- 17. November 2023, 16-18 Auer
- 18. November 2023, 14-16 Auer
- 1.Dezember 2023, 16-18 Auer
- 7. Dezember 2023, 16-18 Auer
- 9. Dezember 2023, 14-16 Auer
- 16. Dezember 2023, 14-16 Auer
Wann s du dech ugemellt hues, kriss du eng Bestätegung, dass deng Umeldung erfollegräich war a weider Informatiounen zum Workshop.
Kaddo: e Bong an eng Iwwerraschungstut vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (déi Éischt si vir!)
Bei weider Froe kanns du mech per E-Mail kontaktéieren: melissa.mujkic@uni.lu
Weider Informatiounen an Updaten zum Projet fënns du hei:
Merci am Viraus fir deng Ënnerstëtzung!