Vum 12. bis 16. September 2016 huet den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg eng Summerschoul iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch organiséiert. Se war geduecht fir Leit, déi am Ausland Germanistik oder Linguistik studéieren a sech gär aus wëssenschaftlecher Perspektiv mam Lëtzebuergeschen auserneesetze wëllen.

Um Programm stounge verschidde Beräicher:

  • Sproochesituatioun (historesch an aktuell),
  • Sproochstruktur (Phonetik, Morphologie, Sazbau),
  • Sproochgeschicht,
  • Familljennimm
  • an natierlech e Sproochecours, deen eise 19 Studenten, déi haaptsächlech Däitsch als Mammesprooch haten, eis Sprooch méi no bruecht huet.

Bei enger Visite guidée duerch d’Stad an enger Exkursioun mat eiser neier App Lingscape haten d’Studenten d’Méiglechkeet, méi vun der Stad ze gesinn a sech e Bild vun der (geschriwwener) Méisproochegkeet am ëffentleche Raum ze maachen. Mat der App, déi vun eisem Institut entwéckelt gouf, kann ee méisproocheg Beschëlderunge fotograféieren an dann op eng interaktiv Kaart pinnen, fir se sou mat anere Leit ze deelen.

Dir wëllt wëssen, wéi een eis App Lingscape och fir sech um Smartphone notze kann? Da kuckt w.e.g. hei: http://lingscape.uni.lu (Download och am AppStore oder bei Google Play). D’App gëtt et bis elo op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Dir wéisst och gär, wéi de Feedback vun eise 19 Studenten a Studentinne war? Ënnert dësem Link fannt der de Bericht vun enger Studentin, déi an hirem Blog beschreift, wéi si eis Summerschoul empfonnt huet, an dobäi e ganz positive Bilan zitt. Insgesamt ware mer all frou iwwert de positive Feedback vun alle Studenten.

Mir soen alle Leit Merci fir hiert Engagement an déi flott Diskussiounen (Merci un d’Enseignanten an och Merci un d’Studenten). E grousse Merci geet och un déi léif Schwëstere vun der Maison d’Accueil um Belair, wou d’Coursë gehal goufen an eis Studente wärend der Summerschoul gewunnt hunn! Eis Studente krute gutt gekacht an hu sech bei de Franziskanerinnen immens wuel gefillt.

A wee weess, villäicht gëtt et jo och eng 2. Summerschoul iwwert d’Lëtzebuergescht?

 

Summerschool 2016

 

Op der Foto gesitt der uewen eis Studenten an an der ënneschter Rei en Deel vun den Enseignanten (vu lénks no riets): Caroline Döhmer, Peter Gilles, Amaru Flores, Britta Weimann, Christoph Purschke, Fernand Fehlen. Net op der Foto, mee och un der Summerschoul bedeelegt: Judith Manzoni, Maike Edelhoff, Tina Thill.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.