De Lëtzebuerger Bildungssystem am Wandel. Dëst ass d’Theema mat deem sech d’Véronique Glod an hirer Masteraarbecht befaasst. Dass et säit dem éischte Schoulgesetz vun 1843 zu villen Ännerungen am Schoulsystem komm ass, ass verständlech, mee wéi hunn dës d’Entwécklung vum Lëtzebuergesch-Unterrecht beaflosst? Fir dat erauszefannen ass Är Hëllef gefrot: Wéi huet Äre Lëtzebuergesch-Unterrecht ausgesinn an hat Dir iwwerhaapt Lëtzebuergesch an der Schoul? Wann Dir hei am Land an d’Schoul gaange sidd, a gewëllt sidd Är Erliefnisser an Är Meenung zum Lëtzebuergesch-Unterrecht ze deelen, sidd Dir häerzlech agelueden bei dëser – natierlech anonymer – Ëmfro matzemaachen.

Link: https://forms.gle/a3kXmmvqW156tCqu9

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.