D’EM ass zwar ofgesot an déi national Ligae leien op Äis. Dat hält eis awer net dovunner of, eis mat dem Kinnekssport ze beschäftegen. De Linguist Dr. François Conrad intresséiert sech an enger aktueller Etüd speziell fir d’Sprooch vum Futtball zu Lëtzebuerg. Är Hëllef ass gefrot!

Och wann Dir selwer kee Futtball kuckt oder spillt, kënnt Dir beim flotte Questionnaire matmaachen. Et ginn dobäi keng Gewënner oder Verléierer – Dir hëlleft duerch Är Mataarbecht awer dobäi, eis Lëtzebuerger Sprooch ze erfuerschen an domat och besser ze verstoen!

Klickt hei fir matzemaachen – an de Ball op dës Aart a Weis trotz Corona op Lëtzebuergesch rullen ze loossen: https://www.surveymonkey.de/r/M3PJJ6N

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.