Vum 8. bis den 10. Abrëll fënnt déi virtuell Porte Ouverte vun der Universitéit Lëtzebuerg statt. Op dëser kënnt Dir Iech iwwert d’Bacheloren an d’Masteren, déi op der Uni Lëtzebuerg ugebuede ginn, informéieren an Är Froen a Livechatten un déi entspriechend Studiendirekteren / Studiendirektesche stellen.
Dir sidd um Master am Lëtzebeurgeschen (Master en enseignement secondaire) interesséiert? De Livechat mam Prof. Dr. Peter Gilles als Studiendirekter ass e Freideg, den 10. Abrëll um 14:00. Hie freet sech op all Är Froen iwwer Admissioun, Inscriptioun a Contenu vum Studium.
Méi Informatiounen iwwert d'“Virtual Open Days“ an de Master am Lëtzebuergesche fannt dir ënnert dëse Linken: Virtual Open Days / Master am Lëtzebuergeschen