D’Lëtzebuergescht ass lo als Sprooch an d’spaCy-NLP-Tools opgeholl ginn. spaCy ass am Moment mat déi wichtegst Python-Bibliothéik fir d’Software-Entwécklung am Beräich vum automateschen Traitement vun der Sprooch. An dësem Beispill-Skript erklären ech déi Funktionalitéiten (Tokenisation, Lemmatisation, POS-Tagging), déi den Ament scho méiglech sinn an ouni groussen Opwand aner Programmer agebaut kënne ginn. Dës Funktionalitéite si wichteg Virstufe fir z.B. den Opbau an d’linguistesch Analys vun engem Corpus fir d’Lëtzebuergescht awer och fir d’Sproocherkennung etc.

 

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.