Bei der Ëmfro, bei där mir Iech an de soziale Medie gefrot hunn, wéi ee Resultat Dir als nächst wéilt gesinn, hat de Kannapee keng Chance géint d’Läffelsgeschier. Oder wéi ass fir Iech den Iwwerbegrëff fir d’Hëllefsmëttel, mat deenen een Dag fir Dag z. B. d’Nuddelen oppickt, d’Zopp schluppt oder d’Fleesch um Teller a mondgerecht Stécker schneit?
Mir sinn dëser Fro schonn an der éischter Ronn vun der Schnëssen-App mathëllef vun engem Bild nogaangen an hunn e ganze Koup Date gesammelt: Am Ganze si bei dësem Item 1.118 Opnamen zesummekomm, vun deenen der 1.001 fir d’Auswäertung zréckbehale goufen. Déi reschtlech (17) Opnamen, bei deenen d’Leit d’Géigestänn (Läffel, Messer, Forschett) just eenzel opgezielt hunn, goufe fir d’Analys net berücksichtegt. Den Diagramm mat der Gesamtverdeelung weist, dass Läffelsgeschier mat 49,5 % (495 Opnamen) a Besteck mat 32,3 % (323) mat Ofstand am dacksten an eisen Date virkommen. Op déi drëtt Plaz kënnt Couverten mat nach 7,9 % (79). Eenzel Nennunge wéi Läffelgeschier ouni Fouen-s, Bestecker am Pluriel oder Couvert am Singulier goufen hei jeeweils bei déi passend Haaptvariant dobäigezielt. Doriwwer eraus goufen awer och nach aner Bezeechnunge genannt, déi allerdéngs méi seelen an eisen Opname virkommen: Heizou gehéiere Geschier mat 3,9 % (39), Iessbesteck mat 1,4 % (14) an Iessgeschier mat 1,1 % (11). Ënner Aner (4,0 %, 40 Opnamen) goufe schliisslech etlech Duebelnennunge a vereenzelt Nennunge wéi z. B. Läffelsbesteck, Geläffels a Gedeck zesummegefaasst.
Wann een sech dann d’Verdeelung vun de Varianten no Altersgrupp vun de Participante*ën ukuckt, gesäit een, dass Läffelsgeschier vun der Altersgrupp 55 bis 64 bis bei ≤24 ëmmer méi – vun 69,8 % bis op nach 30,2 % – ofhëlt. Dogéint hëlt Besteck kontinuéierlech zou: Wärend dës Variant bei deenen eeleren Altersgruppen op knapp 16 % kënnt, mécht se bei bei deene Jéngste gutt 62 % aus an ass domat hei och déi dominéierend Variant. Mat Ausnam vun de Resultater an der eelster Altersgrupp – hei hu mir allerdéngs mat Ofstand déi mannste Participante*ën – verdeelen sech déi aner Varianten eenegermoosse gläichméisseg a maache jeeweils nëmmen e klenge Brochdeel bei de Prozenter aus.
Merci un d’Participant*ë vun eiser Summer School, déi dës Auswäertung am Kader vum Schnëssen-Workshop gemaach hunn!