Den 19. Oktober huet de Laboratoire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur eng éischte Kéier seng Diere fir de grand Public opgemaach. Dësen „Dag vun der oppener Dier“ war ee vollen Erfolleg. Eng ronn 100 Leit hunn eis am Cercle Cité opgesicht, sech iwwert eis Fuerschungsaarbechten informéiert a mat eis verschidden Aspekter vun der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur diskutéiert. Mir soen all eise Visiteure Merci fir hiren Interessi. Dir encouragéiert eis, fir och an Zukunft mat eiser Fuerschung méi präsent zu Lëtzebuerg ze sinn.