A sengem Virtrag huet d’Tina Thill iwwert d’Vokalsystemer vum Lëtzebuergeschen a Franséische geschwat an dës kontrastéiert. Dorop opbauend huet et a sengem Experiment franséisch Spriecher lëtzebuergesch Wierder liese gedoen, woubäi si déi éischte Kéier nëmmen den Text presentéiert kruten an eng zweete Kéier virdun héieren hunn, wéi e Mammesproochler dat entspriechend Wuert oder de Saz liest. Hatt konnt unhand vun de sougenannte Formantwäerter feststellen, wéi wäit de Vokal, deen e franséische Mammesproochler am Lëtzebuergeschen artikuléiert vun deem ewech ass, deen e lëtzebuergesche Mammesproochler géing bilden.  Ausserdem konnt hatt als eng éischt Tendenz weisen, dass franséisch Mammesproochler virun allem Kuerzvokaler méi „richteg“ ausgeschwat hunn, wa si se virdrun héieren hunn, wéi wa si se nëmme liesen.

(Resümmee vum Judith Manzoni)

IMG_2488 IMG_2490

Är Commentairen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.