
Mat Bléck op de Lëtzebuerger Literaturbetrib vun de 60er a 70er Joren huet d’Fabienne Gilbertz de Phänomen ‚literaresche Wandel’ wëssenschaftlech erfaasst. Am éischten Deel vum Virtag gouf d’Ausernanersetzung tëschent der konservativer (Heimat-) Literaturproduktioun an engem neie Konschtverständnes unhand vun dräi Beispiller illustréiert:
- d’Grënnung vu Literaturzäitschrëften an de 60er/70er Joren als Reaktioun op Dominanz vun der kathoulesch-konservativer „Warte“ (Zensurversich) an op de generelle Mangel u Publikatiounsméiglechkeeten
- d’Grënnung vum „Kasemattentheater“ duerch den Tun Deutsch (1964) als Reaktioun op d’Tendenzen am europäeschen Ausland an op d’Dominanz vum Eugène Heinen sengem konservative „Lëtzebuerger Theater“
- d’Konsdrefer Scheieren (1967-1971) als Solidariséierungsversuch mat de bildende Kënschtler an als Hiweis op déi schwiereg Situatioun vun de Lëtzebuerger Konschtschafenden
Am Virtrag gouf dorop opmierksam gemaach, dass déi ästhetesch Moderniséierung vun der Literatur noutwendegerweis eng strukturell Moderniséierung vum Literaturbetrib gefuerdert huet a wesentlech mat engem verännerte Selbstbild vun den Auteuren ze dinn hat: Si wollten sech net méi als Hobbyschreiwer gesinn, mee – mat Bléck op d’Virbiller aus dem Ausland – als Kënschtler, déi eeschtzehuele sinn a sech professionaliséieren.
Am zweeten Deel vun der Presentatioun gouf d’“polysystem theory“ vum israelesche Kulturwëssenschaftler Itamar Even-Zohar erugezunn, fir d’Konfrontatioun tëschent der traditioneller an der neier Literaturapproche theoretesch ze faassen. Dës Theorie, déi explizit op de Fall vu klengen a méisproochege Literaturen ageet, erlaabt et, d’Grënn an d’Mechanismen hannert de Verännerungen am Literaturbetrib ze beschreiwen.
(Text: Fabienne Gilbertz; Foto: Caroline Döhmer)
Nächst Woch (17.05.16): Ian de Toffoli mat „Theater zu Lëtzebuerg: Poetik vun engem klenge Genre“