Den éischte Virtrag am Colloque interne fir dëst Semester hat den Titel „D’Perzeptioun vun de Lëtzebuerger Dialekter aus der Siicht vu linguistesche Laien. Eng empiresch Etude unhand vu Mental Maps“ a gouf vum Sara Martin, Masterstudentin an de Lëtzebuerger Studien, gehalen. Am Virtrag gouf eng empiresch Etude virgestallt, déi sech mat Aussoe beschäftegt, wéi Laie resp. Net-Linguisten (also all d’Leit mat Ausnam vun akademesche Linguisten) Sprooch- an Dialektraim wouerhuelen. Als Method goufe Mental Maps gewielt, bei deenen Informanten hir eege Kaart zeechnen, mam Zil erauszefannen, wéieng Lëtzebuerger Sproochgebidder (Dialekter) d’Informanten op d’Grondkaart anzeechnen, wéi si se benennen an awer och, wéieng Eegeschaften si den Dialekter zouschreiwen. De Fokus louch dobäi op de Facteuren ‚Regioun‘ an ‚Alter‘: D’Informante koumen aus zwou verschiddene Regiounen (Hesper & Ëmgéigend a Kanton Klierf) a goufen an 3 Altersgruppen agedeelt. Insgesamt konnten op dës Manéier 26 (zum Deel ganz ënnerschiddlech) Kaarten ausgewäert ginn. Allgemeng – also onofhängeg vu Regioun an Alter – goufen de Minetter, de Miseler an den Éisleker Dialekt am heefegsten agedroen; gréisser Ënnerscheeder tëschent den Altersgruppe konnten insgesamt an deenen zwou Regioune net festgestallt ginn. Méi konkret konnten e puer interessant Fakten erausgezu ginn. Hei eng Auswiel :
- D’Hierkonft vum Spriecher spillt eng Roll an der Perzeptioun vun de verschiddenen Dialektraim, z.b. ass d’Éislekescht vun den Informanten aus Hesper an deene meeschte Fäll als ee grousst Gebitt agezeechent ginn, dat héchstens graff ënnerdeelt war, während d’Informanten aus dem Kanton Klierf de Minetter, Éisleker a Miseler Dialekt allgemeng manner ernimmt hunn an „Stater“ explizit just op enger Kaart agedroen gouf. Dofir goufen hei ganz dacks Wëlzer, Veianer an aner Uertsdialekter agedroen.
- De Westen ass op alle Mental Maps am mannste präsent.
Frot Iech vläicht och emol : wéi géift Dir d’Lëtzebuerger Dialekter an eng Blankokaart androen ?
(Text: Sara Martin, Maike Edelhoff; Fotoen: Caroline Döhmer)
Nächst Woch (12. Abrëll): e Virtrag vum Fernand Fehlen mam Titel « Die Primärschulreform von 1912. Die Luxemburger Dreisprachigkeit nimmt ihre definitive Form an. »
(vu 15h30 bis 16h30 an der Maison du Savoir um Campus Belval Sall 2.400)