Dir hutt Iech schonn ëmmer gefrot, wat mir mat all den Opnamen aus der Schnëssen-App maachen a wéi déi flott Grafiken a Kaarten entstinn? Dir hutt Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch a wëllt selwer fir een Dag mat eis als Sproochfuerscher aktiv ginn?

Dofir invitéiere mir fir de 16. November (9h-17h) interesséiert Leit bei eis op d’Uni, fir zesummee mat eis Opnamen auszewäerten.

 

 

 

Wat brauch een?

  •  grondleeënd Computerkenntnisser (Excel)
  • Google-Account
  • Kopfhörer (mam ‚klengen‘ (3,5mm) Stecker)
  • gutt Oueren a Freed un der Fuerschung

 

Wat maache mer?

D’Zil vum Workshop ass et, zesumme mat Iech nei Opnamen auszewäerten, entspriechend Grafiken a Kaarten ze erstellen an iwwert sproochlech Variatioun an eis Fuerschung iwwert d’Lëtzebuergescht ze schwätzen. No engem Abléck an eise Schnëssen-Projet an enger klenger (technescher) Uleedung zum Auswäerten, gitt Dir also selwer aktiv, lauschtert Iech eng Hellewull Opnamen un a léiert déi vill Facettë vun der Sprooch kennen. Well konzentréiert Nolauschteren a Schaffen och emol midd an hongereg mécht, suerge mir natierlech och fir e gemeinsamt Mëttegiessen an déi néideg Kaffispausen.

Wéi mellt ee sech un?

Umelle kënnt Dir Iech bis den 2. November via E-Mail op schnessen@uni.lu. Bei Froe kënnt Dir eis och einfach iwwert eis Facebook-Säit kontaktéieren. Plaz hu mer fir bis zu 20 Persounen.

 

Mir freeën eis op Iech!

 

Är Schnëssen-Ekipp
Nathalie Entringer
Peter Gilles
Sara Martin
Christoph Purschke
Pol Breser

Schreibe einen Kommentar

Your email address will not be published.

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>

clear formSubmit

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.