Och haut rëm e puer fussballeresch Auswäertungen, fir den F91 och vu sproochlecher Säit z’ënnerstëtzen. An der 2. Ronn vun eise Schnëssen-Erhiewungen an der App war de Saz ‚Die Fans der zwei Clubs sind aneinander geraten.‘ z’iwwersetzen a mir gräifen eis haut de ‚Club‘ an d“Fannen‘ eraus. Am Ganzen hu mer d’Iwwersetzunge vu méi wéi 600 Leit analyséiert.
D’Haaptwuert fir d’Iwwersetzung vum ‚Club‘ ass dann och Club. 50 mol ass och Veräin gesot ginn, nach méi seelen ass hei Equipe, Team oder Mannschaft. Beim Club ass natierlech de Pluriel interessant, well mer do jo mat de Clibb an de Cluppen (seelen och Clubben) zwou konkurréierend Varianten hunn. Wéi bei den aneren Analysen, déi mer hei scho virgestallt hunn, ass d’Differenzéierung nom Alter dacks charakteristesch – an sou och hei: Vum Alter 25 bis 65+ halen sech d’Varianten Clibb (blo) a Cluppen (rout) ongeféier d’Wo. Déi jong Spriecher*innen bis 24 Joer schénge Clibb allerdéngs ofzebauen a preferéieren éischter Cluppen.
En plus kann ee bei deene Jonken och den neie Pluriel op -s beobachten, sou dass lo och Clubs (giel) opdauchen. Et bleift z’ënnersichen, ob déi nei Formen direkt aus dem Engleschen kommen oder den Ëmwee iwwert d’Däitscht gemaach hunn.
Wat d’Geschlechter ugeet, sou kann eng liicht Tendenz fir Clibb bei de Männer par rapport zu de Frae beobacht ginn.
Komme mer lo bei d’Iwwersetzunge vum ‚Fan‘. D’Haaptwuert ass am Lëtzebuergesche Fan (blo), donieft spillen awer och d‘Supporteren eng Roll, déi bei den eelere Leit liicht méi heefeg virkommen, wéi bei deene Jonken. Am Grupp ‚Aner‘ fanne sech Wierder wéi Spectateuren oder och Unhänger.
Beim Fan ass rëm de Pluriel interessant, well variabel. Mir gesi bei den eelere Leit (45+) nach méi Fannen (blo), wärend bei deene Jonken d‘Fans dominéieren. De Pluriel op -s ass hei also scho vill méi geleefeg wéi bei Clubs. Bei de Fannen ass nach remarkabel, dass d’Aussprooch tëscht engem laangen [æː] an engem kuerzen [æ] variéiert.
Egal, ob Clibb oder Cluppen, Fans oder Fannen, mir si gespaant op de Match den Owend a freeën eis iwwert Supporter(en) vu béiden Ekippen, déi bei eis an der App matschnëssen!