Vu datt och d’Universitéit de Moment seng Dieren um Belval zougemaach huet a mir alleguerte fläisseg am Home-Office schaffen an online Coursen halen, ass et eis leider net méiglech de Colloque vun der Luxemburgistik wéi gewinnt sur place ofzehalen. Déi gutt Noriicht ass awer, datt mir eis entscheet hunn, de Colloque NET ofzesoen, mee en an den digitale Raum ze verleeën. Hei ass et de Virdroende méiglech, hir Presentatioun ze deelen, hire Virtrag ze halen a wéi gewinnt Réckmeldungen a Froe vun de Participante.ën entgéint ze huelen. Wéi gewinnt ass och dëse Raum en oppene Raum, d.h. jiddereen, deen  interesséiert ass, ass häerzlech wëllkomm, nolauschteren resp. matdiskutéieren ze kommen. De liicht ugepasste Programm fannt Dir hei:

 

 

Dir hutt op de genannte Méindeger tëscht 4 a 5 Auer nach näischt vir a sidd interesséiert un eisem Colloque deelzehuelen? Da mellt Iech ënnert dëser E-mail-Adress un: sebastian.thiltges@uni.lu. No der Umeldung, kritt Dir e Link geschéckt, mat deem dir Zougang zu eisem digitale Colloque kritt.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.