No der éischter Virliesungsrei am leschte Wantersemester gëtt och dëst Semester d‘Kulturgeschicht Lëtzebuerg nees op der Universitéit Lëtzebuerg ugebueden. An dëser Rei kënnt Dir an d’Entwécklung vun deene verschiddenste Kulturberäicher zu Lëtzebuerg andauchen – vun der Industrie- a Wirtschaftsgeschicht, iwwert den Developpement vun der Literatur an dem Theater, bis hin zur Entwécklung vun der Konscht an de Medien.
D’Virliesung ass fir jiddereen op a fënnt ëmmer dënschdes vun 11:30 bis 13:00an der Maison du Savoir um Campus Belval statt.