Am Kader vun der Linguistik-Aféierung an eisem Luxemburgistik-Master stoung haut d’Thema Gebäerdesprooch zu Lëtzebuerg um Programm. Dofir waren d’Nicole Sibenaler an de Fabio Giusti vun Daaflux souwéi d’Sabrina Collé an d’Mylène Straus vun der lëtzebuergescher Hörgeschädigten Beratung bei eis op Besuch. Am Virtrag ass et engersäits ëm d’Gebäerdesprooch(en) am Allgemengen, anersäits awer och ëm déi spezifesch Situatioun vu Leit ouni Gehéier zu Lëtzebuerg gaangen. Doriwwer eraus gouf et och e flotten Austausch tëscht eise Gäscht an den interesséierte Leit am Publikum. De Virtrag an d’Diskussioun goufe vun enger Dolmetscherin vun der Däitscher Gebäerdesprooch (DGS) an d’Däitscht iwwersat.

Mir soen eise Gäscht nach emol villmools Merci fir dee liewege Virtrag an dee flotten Abléck an d’Gebäerdesprooch!

 

Schreibe einen Kommentar

Your email address will not be published.

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>

clear formSubmit

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.