Nom Erfolleg vun der éischter Summer School zum Lëtzebuergeschen am September 2016 organiséieren d’Mataarbechter*inne vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft eng Neioplo vun der Summer School, déi dëse September (9.-13.9.2019) um Campus Belval (Esch-Uelzecht) vun der Uni Lëtzebuerg stattfanne wäert.

D’Summer School riicht sech u linguistesch interesséiert Student*innen, Doktorand*innen oder PostDocen, déi ee méi déiwen Abléck an d‘Sproochstruktur an aktuell Forschungsprojeten iwwert d’Lëtzebuergescht wëlle kréien.

D‘Umeldung ass vun elo un an nach bis den 2. Juni 2019 per E-Mail un d’Nathalie Entringer (nathalie.entringer@uni.lu) mat engem kuerze Motivatiounsbréif (ca. 1 Säit) méiglech.

 

All noutwenneg Informatioune fannt Dir hei:

 


.

Méi Infoe souwéi den detailléierte Programm fannt Dir geschwënn op infolux.uni.lu/summerschool2019

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.