De 24. Februar 1984 ass d’Lëtzebuerger Sproochegesetz gestëmmt ginn – ‚Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues‘. Viru 40 Joer ass domat en zentrale Grondsteen fir déi méisproocheg a schlussendlech och gesellschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg geluecht ginn. Aus dësem Ulass ginn an dësem Artikel rezent Fuerschungsprojeten aus eisem Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft presentéiert, fir d’Professionaliséierung an déi domat verbonnen Digitaliséierung vum Feld ze weisen.