Alljoers am Mäerz organiséiert den FNR (Fonds national de la Recherche) eng Aktioun mam Numm Researchers at school / Chercheurs à l’école, bei där Wëssenschaftler.innen hire Beruff a Lëtzebuerger Lycéeë virstellen (Detailer ënnen). Dëst Joer waren och zwou Fuerscherinnen aus der Luxemburgistik derbäi.

Leschte Mëttwoch war d’Melissa Mujkić an der École Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck an ech (Caroline Döhmer) war zesumme mam Cyril Wealer, Fuerscher an der Psychologie, am Lycée Josy Barthel zu Mamer, wou och dës Foto entstanen ass.

Mir haten zwou Schoulstonnen, fir enger Klass (3e CG) eise Beruff an eis Aufgabe virzestellen. Dobäi hu mer déi follgend Froe méi genee beäntwert:

  • Woumat beschäftegt ee sech an der Linguistik (oder am Cyril sengem Fall an der Psychologie)?
  • Wéi gesäit eisen akadeemeschen Alldag aus?
  • Wat ass en typescht Beispill fir eng wëssenschaftlech Froestellung?
  • Wéi kënnt een un Donnéeën a wéi ginn se analyséiert?
  • Wat si Vir- an Nodeeler vum Beruff?
  • … a wéi si mer iwwerhaapt an der Wëssenschaft gelant?

Am Fall vun der Luxemburgistik muss ee soen, dass et einfach Spaass mécht, an engem Beräich ze schaffen, dee relativ nei ass a wou all Recherche dozou bäidréit, d’Lëtzebuergescht – seng Struktur, seng Dynamik an natierlech och seng Literatur – besser ze verstoen an och vermëttelen ze kënnen.

((Elo kënnt en eleganten Iwwergang)) Dir intresséiert Iech fir all dës Aspekter vum Lëtzebuergeschen? Dann ass vläit e Studium an der Luxemburgistik eppes fir Iech! Mir bidden op der Uni Lëtzebuerg e Bachelor an och e Master am Lëtzebuergeschen un, Vollzäit, Deelzäit oder als Auditeur libre. Et gëtt eng ganz Rei berufflech Perspektiven, déi ee scho wärend dem Studium duerch verschidde Stagen an de Beräicher Kultur, Medien an Enseignement entdeckt.

Méi Informatiounen zu den Aschreiwunge fir d’Wantersemester 2024 fannt Der hei: Bachelor, Master.

An der Woch vum 8. Abrëll 2024 hutt Der ausserdeem d’Méiglechkeet, e puer „Schnuppercoursen“ (Sneak peek) an eisem Bachelor en Cultures Européennes ze maachen (kuckt dofir hei).

 

+ + + +

Um Enn soe mer natierlech dem FNR merci an och all de Proffen, déi bei dëser Aktioun matgemaach hunn. Et ass ëmmer nees eng schéin Erfarung an och flott, fir deene jonke Leit e puer Beruffer méi no ze bréngen, déi se net aus hirem Schoulalldag kennen.

Dir sidd Proff a wëllt och e Fuerscher oder eng Fuerscherin invitéieren? Den Opruff vum FNR ass fir gewéinlech am November. Méi Informatioune fannt Der hei.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.