D’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft organiséiert an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch e Workshop iwwert déi aktualiséiert Orthografie.
Wéini? Den 31.1.2020 vu 14:00 – 17:00 Auer
Wou? Maison du Savoir um Belval (Raum 4.510)
Fir wien? Fir all Ancien.nen, deen/déi am Kader vun der Formation continue oder dem Master Lëtzebuergesch studéiert huet.
Programm:
- Presentatioun vun den Haaptännerungen an der Orthografie
- Erklärungen, wéi et zu dëse Reegele koum
- Übungen
- Froeronn zu den Ännerungen
Umeldung bis de 27.01.2020 per E-Mail un nathalie.entringer@uni.lu.
D’Plaze si limitéiert!
Mir freeën eis iwwert Är Participatioun.