Wéinst der grousser Nofro, organiséiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch en zweete Workshop iwwert déi aktualiséiert Orthografie.

Wéini? De 07.02.2020 vu 14:00 – 17:00 Auer

Wou? Maison du Savoir um Belval

Fir wien? Fir all Ancien.nen, deen/déi am Kader vun der Formation continue oder dem Master Lëtzebuergesch studéiert huet/hunn.

 

Programm:

  1. Presentatioun vun den Haaptännerungen an der Orthografie
  2. Erklärungen, wéi et zu dëse Reegele koum
  3. Übungen
  4. Froeronn zu den Ännerungen

 

Umeldung bis de 05.02.2020 per E-Mail un nathalie.entringer@uni.lu.

D’Plaze si limitéiert!

 

Mir freeën eis iwwert Är Participatioun.

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.