Bei der Auswäertung vu Poubelle oder Dreckskëscht treffen eng reng aus dem Franséischen iwwerholl Form op eng originär lëtzebuergesch Form. Wärend Poubelle nach net am Luxemburger Wörterbuch (1950-1977) ze fanne war, fënnt een allerdéngs Dreckskëscht mat eenzele Varianten, soumat ass déi Form déi eelst. Am neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire existéiere béid Ausdréck eegestänneg. An der Grafik sinn och nach weider Bezeechnunge mat Dreck- opgefouert, déi awer all méi rar sinn.
Dreckskëscht, 45,7%, a Poubelle, 36,0%, sinn déi heefegst Varianten, allerdéngs bitt et sech un, all Forme mat Dreck– zesummen ze leeën, woumat dës da vill méi däitlech an der Frequenz virleien (59,8%). An deem Fall gëtt et quasi eng Heefegkeet vun zwee Drëttel géigeniwwer engem Drëttel. An enger weiderer Analys wär et sécherlech interessant ze kucken, ob d’Gréisst vun der Këscht oder dem Dëppen eng Roll op d’Bezeechnung huet, déi d’Leit benotzen.
Déi regional Verdeelung orientéiert sech net um Géigesaz tëschent Poubelle an Dreckskëscht, mee dës béid Forme stinn anere Variante géigeniwwer. Esou gëtt d’Land nërdlech vun Dikrech an ëstlech vu Jonglënster an zwee gedeelt: am Norden an am Oste gëtt et divers aner Ausdréck mat Dreck– als Determinans (z.B. –bac, –dëppen, asw.), wärend am Zentrum, Süden a Weste vum Land haaptsächlech déi zwou heefeg Formen optrieden.
D’Staffelung nom Alter seet bei dësem Beispill vill aus. Engersäits kann een erkennen, datt am Verlaf vu jonk bis al konstant de Gebrauch vun aneren Alternativen niewent Poubelle an Dreckskëscht zouhëlt. Anerersäits ass et an den Zilgrupp bis 34 Joer d’Poubelle, déi ufänkt, méi a méi an den alldeegleche Gebrauch ze kommen an domat aner Varianten, a virun allem d’Dreckskëscht ze verdrängen. D’Betounung vu Poubelle op där éischter Silb weist allerdéngs och, datt de Begrëff scho staark naturaliséiert ass an déi franséisch Aussprooch verluer huet.