Kee Colloque den 18.5.

Gudden Owend, de Colloque e Méindeg (18.5.) mam Jeanne Glesener muss aus perséinleche Grënn leider ausfalen. An domat ass de Fréijoerscolloque och scho fäerdeg fir dëst Semester. Mir soen alle Leit merci, déi mat dobäi waren! Am Hierscht geet et weider mat neie Presentatiounen an neien Diskussiounen! … plus déi, déi dëst Semester leider hu…

kee Colloque de 4.5. um 12:00

De Colloque vu muer (Kleng Kulturen – eng Diskussiounsronn mat der Luxemburgistik) muss aus organisatoresche Grënn leider an d’Wantersemester verréckelt ginn. Den aktualiséierte Plang fannt Der hei: Colloque 2026 Technesch Info: Wann Der d’Säit vum Colloque normal um Handy opmaacht, gëtt d’Tabell heiansdo net richteg ugewisen, dat ass besser am „Querformat“ vum Handy oder um…

Kee Colloque den 30.3.26 um 12:00

Et deet mer leed, Iech matzedeelen, dass de Colloque-Virtrag vum Fernand Fehlen iwwer déi franséisch Alphabetiséierung muer, den 30. Mäerz 2026, leider ausfält. Wéinst anere kuerzfristege Verpflichtungen op der Uni hu mer decidéiert, de Virtrag no hannen ze verréckelen. Mir soen dem Fernand e grousse Merci fir säin Entgéintkommen an halen Iech um Lafenden, soubal…

De Colloque vun der Luxemburgistik (9.3. – 18.05.2026) elo ëmmer méindes mëttes um 12:00

Mam Start vum neie Semester invitéiere mer Iech alleguer ganz häerzlech op eisen hybride Fréijoerscolloque vun der Luxemburgistik. Wéi gewinnt diskutéiere mer iwwer literatur- a sproochwëssenschaftlech Theemaen am Beräich vum Lëtzebuergeschen! Nei ass vun dësem Semester un d’Auerzäit: Mir gesinn eis elo ëmmer méindes vun 12:00 bis 13:00, entweeder op der Plaz am Aquarium (an…

Trauer ëm den Joshgun Sirajzade

D’Luxemburgistik trauert ëm hire fréiere Mataarbechter a Kolleeg Joshgun Sirajzade. Den Josh huet als Computerlinguist (Postdoc) an de Projete PhraseoLux, WB-Lux a STRIPS matgeschafft. Hie war eng grouss Beräicherung fir d’Luxemburgistik, mat senger Kreativitéit, senger Kompetenz a senger onverännert positiver Astellung. D’Noriicht vu sengem vill ze fréien an onerwaarten Doud huet eis all getraff a…