Wat sinn dat fir Wierder? Deel 2: Merci gesot!

An dësem Bäitrag geet et ëm isoléiert Participe-Konstruktioune mat gesot oder gewënscht, fir déi een am Lëtzebuergeschen eng Rei Beispiller ka fannen (hei via facebook an Instagram). Merci gesot Iech all e schéinen Owend gewënscht! Alles Guddes gewënscht! E schéine Gebuertsdag gewënscht Aus grammatescher Siicht loosse sech dës Sätz esou charakteriséieren, dass se eng normal Verbkonstruktioun als…

Ganzen Artikel

Wat sinn dat fir Wierder? Deel 1: pabeiers

Haut um Dräikinneksdag iesse vill Leit och en Dräikinnekskuch, eng Galette des rois. Am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) fënnt ee fir dës Zesummesetzung deen heite Beispillssaz (https://lod.lu/artikel/DRAIKINNEKSKUCH1): wien d’Boun a sengem Stéck Dräikinnekskuch fënnt, däerf sech d’pabeiers Kroun opsetzen An dësem Bäitrag geet et mir manner ëm dës Traditioun oder ëm de Kuch u sech, mee éischter ëm e Wuert, dat ech haut méi genee wëll…

Ganzen Artikel

10 Joer Luxemburgistik – E Réckbléck op eis Porte ouverte vum 6.12.2016

Op Niklosdag war dëst Joer eng méi lass am Institut vun der Luxemburgistik: Eis éischt Porte ouverte um Campus Belval an eisen éischten zweestellege Gebuertsdag, 10 Joer Luxemburgistik! Et gouf Kuch a Schampes an natierlech och nees eis Pousteren, déi weise sollten, wourunner de Moment gefuerscht gëtt. Hei haten d’Leit och d’Méiglechkeet, Froen ze stellen…

Ganzen Artikel

Eis éischt Summerschoul iwwert d’Lëtzebuergescht – e Réckbléck

Vum 12. bis 16. September 2016 huet den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg eng Summerschoul iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch organiséiert. Se war geduecht fir Leit, déi am Ausland Germanistik oder Linguistik studéieren a sech gär aus wëssenschaftlecher Perspektiv mam Lëtzebuergeschen auserneesetze wëllen. Um Programm stounge verschidde Beräicher: Sproochesituatioun (historesch an aktuell), Sproochstruktur…

Ganzen Artikel

Op e Patt mat der Luxemburgistik!

Och dëst Joer wëlle mir vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg eis Fuerschung dem Lëtzebuerger Public méi no bréngen. Dofir invitéiere mer Iech ganz häerzlech en Dënschdeg, de 24. November vu 17:00 bis 19:00, op eisen Apéro am Casino an der Stad (Forum d’art contemporain). Et erwaarden Iech verschidde Posteren…

Ganzen Artikel

Porte ouverte vun der Luxemburgistik (22.11.14, Cercle Cité)

Mir vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft soe Merci. Eis Porte ouverte, déi e Samschdeg, 22. November 2014 am Cercle Cité organiséiert gouf, ass gutt verlaf. Mir ware frou iwwer vill Visiteuren, interessant Gespréicher an Diskussiounen. Mir hoffen, dass et de Leit och gefall huet, eng Kéier ze gesinn, wat aktuell ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch a…

Ganzen Artikel

Saturn: SOU! muss Lëtzebuergesch…oder net?

De Multimedia-Shop Saturn, an Däitschland bekannt fir seng offensiv Werbung, huet och zu Lëtzebuerg zwee Butteker: een zu Belval Plaza an een an der Stad.

Am grousse Ganzen ass alles op Franséisch gehalen (Site, Produktbeschreiwungen, Concoursen, de Katalog, asw.), e puer Schëlder am Buttek selwer sinn awer och deels op Däitsch. Mee säit ongeféier engem Joer zéien se mat lëtzebuergesche Sloganen no… oder op d’mannst mat Aussoen, déi lëtzebuergesch schéngen. Et geet elo net drëm, dass mer de Fanger hiewen, wann een emol en <n> ze vill oder ze mann gesat huet…

Ganzen Artikel