Lëtzebuergesch léieren um Niveau B2 – eng nei online Ressource vum INLL

Well d’Demande no Lëtzebuergesch-Coursen an der Erwuessenebildung ëmmer méi an d’Luucht geet, gëtt och kontinuéierlech un neiem Unterrechtsmaterial geschafft. D’Angie Gaasch, d’Jackie Messerich an de Luc Schmitz aus dem INLL waren e Méindeg, 17. Abrëll 2023, am Colloque vun der Luxemburgistik, fir dat neit Material fir den Niveau B2 aus der Rei „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?”…

Wat sinn dat fir Wierder? Deel 2: Merci gesot!

An dësem Bäitrag geet et ëm isoléiert Participe-Konstruktioune mat gesot oder gewënscht, fir déi een am Lëtzebuergeschen eng Rei Beispiller ka fannen (hei via facebook an Instagram). Merci gesot Iech all e schéinen Owend gewënscht! Alles Guddes gewënscht! E schéine Gebuertsdag gewënscht Aus grammatescher Siicht loosse sech dës Sätz esou charakteriséieren, dass se eng normal Verbkonstruktioun als…

Wat sinn dat fir Wierder? Deel 1: pabeiers

Haut um Dräikinneksdag iesse vill Leit och en Dräikinnekskuch, eng Galette des rois. Am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) fënnt ee fir dës Zesummesetzung deen heite Beispillssaz (https://lod.lu/artikel/DRAIKINNEKSKUCH1): wien d’Boun a sengem Stéck Dräikinnekskuch fënnt, däerf sech d’pabeiers Kroun opsetzen An dësem Bäitrag geet et mir manner ëm dës Traditioun oder ëm de Kuch u sech, mee éischter ëm e Wuert, dat ech haut méi genee wëll…