Wann de Marketing mat der lëtzebuergescher Orthographie kollidéiert

Et ass eng wuel bekannten Tatsaach, dass et bei ville Leit mat der lëtzebuergescher Orthographie hapert. Den Haaptgrond läit warscheinlech dorunner, dass et net an der Schoul geléiert gëtt. Vill Leit schreiwen also einfach no hirem Gefill, firwat ech déi Aart vu Schreifweis hei einfach ‚gefillten Orthographie‘ nennen. Et gëtt awer natierlech och eis norméiert…

Den Apéro 2015: Vill Leit koumen „op e Patt mat der Luxemburgistik“

Och dëst Joer hate mer de Public nees invitéiert, fir eist Institut an eis Fuerschung ronderëm d’Lëtzebuergescht virzestellen. Dës Kéier hate mer eng aner Formule gewielt: nodeems mer 2013 an 2014 samschdes moies op e Kaffi invitéiert haten, sollten d’Leit en Dënschdeg, de 24. November 2015, op e Patt laanschtkommen. Et gouf vill geschwat an…

Porte ouverte vun der Luxemburgistik (22.11.14, Cercle Cité)

Mir vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft soe Merci. Eis Porte ouverte, déi e Samschdeg, 22. November 2014 am Cercle Cité organiséiert gouf, ass gutt verlaf. Mir ware frou iwwer vill Visiteuren, interessant Gespréicher an Diskussiounen. Mir hoffen, dass et de Leit och gefall huet, eng Kéier ze gesinn, wat aktuell ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch a…