Och an dësem Semester fënnt eise Colloque vun der Luxemburgistik erëm mat interessante Bäiträg statt. Dës Kéier beweege mer eis vum geschriwwene Lëtzebuergesch an den digitale Medien, iwwer Sproochepolitik zu Lëtzebuerg an de fiktive Konfiguratioune vum Literaturbetrib an der Literatur bis hin zur Visibilitéit vu Fraen an de Stroossennimm vum Grand-Duché.

Wéi och d’lescht Semester fënnt de Colloque online iwwer WebEx statt an mir starte schonn den nächste Méindeg, 16. November.

 

Dir hutt op de genannte Méindeger tëscht 4 a 5 Auer nach näischt vir a sidd interesséiert un eisem Colloque deelzehuelen? Da mellt Iech ënnert dëser E-mail-Adress un: sebastian.thiltges@uni.lu. No der Umeldung, kritt Dir e Link geschéckt, mat deem dir Zougang zu eisem digitale Colloque kritt.

Dëse Colloque ass och als Formation Continue fir Enseignante.ë beim IFEN eligibel:

(Code D1-b-56) „Online : Colloque vun der Luxemburgistik | Wantersemester 2020-2021“
Formateur/-trice Christoph Purschke, Dr
Gabriel Rivera, MA
Jeanne E. Glesener, Dr
Nathalie Entringer, MA
Sam Mersch, MA
Link: http://www.ifen.lu/descriptionformation?idFormation=272170

Är Commentairen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.