Och dëst Semester hu mer an eisem Colloque vun der Luxemburgistik nees en ofwiesslungsräichen a flotte Programm zesummegestallt. Dir interesséiert Iech fir d’Literatur zu Lëtzbuerg/op Lëtzebuergesch, d’Letzebuerger Sprooch resp. d’Sproochen zu Lëtzebuerg? Da kommt bei eis op d’Universitéit um Belval laanscht!

Rendez-vous ass (meeschtens) méindes um 16:00 an der Maison des Sciences Humaines um 2. Stack (MSH E-02 0215110). D’Detailer kënnt Der dem Programm enthuelen.

 

Wat ass de Colloque vun der Luxemburgistik?

Dëst ass e Raum, an deem déi aktuell Fuerschung an d’Froen, déi sech den Ament an der Fuerschung gestallt ginn, virgestallt an diskutéiert ginn. Dobäi handelt et sech dezidéiert ëm en oppene Raum, d.h. jiddereen, deen  interesséiert ass, ass häerzlech wëllkomm, nolauschteren resp. matdiskutéieren ze kommen.

 

 

 

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.