Och am Summersemester 2023 gëtt de Colloque vun der Luxemburgistik am hybride Format ugebueden, op der Plaz, um Campus Belval am Konferenzsall „Aquarium“ um zweete Stack vun der Maison des Sciences humaines, an online iwwer Webex:

https://unilu.webex.com/unilu/j.php?MTID=mdc5a2b9480339e2c448a31a08268fa1f

De Colloque steet am Katalog vun den IFEN-Formatiounen (Code : D1-d-16):

https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=283128

D’Attestatioune ginn zum Schluss vum Semester vun der Uni.lu verschéckt.

Déi obligatoresch Umeldung ass ënner jeanne.glesener@uni.lu a sebastian.thiltges@uni.lu.

Den detailléierte Programm fannt dir hei:

Colloque Luxemburgistik 2022-2023 SS

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.