Och an dësem Semester fënnt eise Colloque vun der Luxemburgistik erëm mat interessante Bäiträg statt. Dës Kéier beweege mer eis vun der Normverhandlung a -verbreedung vum geschriwwene Lëtzebuergeschen, iwwer fiktiv Konfiguratioune vum Literaturbetrib an der Literatur an d’Lëtzebuerger Futtballsprooch bis hin zur Sentimentanalys.
Wéi och d’lescht Semester fënnt de Colloque online iwwer WebEx statt an mir starte den 22. Februar um 17:00.
Dir hutt op de genannte Méindeger tëscht 5 a 6 Auer nach näischt vir a sidd interesséiert un eisem Colloque deelzehuelen? Da klickt Iech iwwert den Zougangslink um Poster resp. hei eran.
Dëse Colloque ass och als Formation Continue fir Enseignante*ë beim IFEN eligibel. Mellt Iech dofir einfach beim Sébastian Thiltges (sebastian.thiltges@uni.lu) un.