Nom grousse Succès vun den éischte Ronne vun eiser Schnëssen-App an de leschten zwee Joer, si mir mëttlerweil scho bei der 7. Ronn vun eisen Erhiewungen iwwert den aktuelle Sproochgebrauch am alldeegleche Lëtzebuergeschen ukomm.
Jiddereen, dee Spaass oder Interessi un der Sprooch huet, ka matmaachen. Dir sicht e klengen Zäitverdreif? Da maacht mat bei eiser Spezialeditioun zum Theema COVID-19 an der Schëssen-App. Et waarde vill nei Sätz, Biller a Froen op Iech.
Mat dësen Items wëlle mir den Effekt, deen d’Pandemie forcement och op d’Sprooch huet, méi genau dokumentéieren an d’Variatioun, déi och hei eng Roll spillt, erfuerschen.
Awer och fir d’Dialekter am Lëtzebuergeschen ze dokumentéieren (Ronnen 1 an 2) siche mer ëmmer nach méi Leit, déi eis hir Sprooch fir d’Fuerschung spenden.Mam neien Update kënnt dir iwwregens elo och Opname mat Ärem Tablet maachen. D’App ass natierlech gratis a ka fir Android an iOS op Ärem Handy oder Tablet installéiert ginn.
Dir kënnt Iech och scho Resultater an der App oder op https://infolux.uni.lu/schnessen/auswaeertungen/ ukucken. Éischt Kaarte fannt Dir an eisem neie Sproochatlas (https://petergill.shinyapps.io/variatiounsatlas/), dee mir am Gaange sinn, opzebauen.